LEKTIOUN 14
Firwat huet Gott eng Organisatioun?
1. Firwat huet Gott d’Vollek Israel organiséiert?
Gott huet aus den Nokomme vum Abraham eng Natioun gemaach an hinnen eng Rei vu Gesetzer ginn. Hien huet der Natioun den Numm „Israel“ ginn. Si sollten oppassen, datt Gott richteg ugebiet gëtt a kee säi Wuert verännert (Psalm 147:19, 20). D’Mënschen aus allen Natiounen hunn dovu profitéiert. – Liest 1. Mose 22:18.
D’Israelitte sollten Zeie fir Gott sinn. Hir Geschicht ass de Beweis, datt et de Mënsche gutt geet, wa si sech u Gott seng Geboter halen (5. Mose 4:6). Duerch d’Israelitte konnten och aner Natioune Gott besser kenne léieren. – Liest Jesaja 43:10, 12.
2. Firwat sinn echt Chrëschten organiséiert?
Mat der Zäit huet et Gott net méi gefall, wat d’Vollek Israel gemaach huet an si duerch d’Chrëschteversammlung ersat (Matthäus 21:43; 23:37, 38). Amplaz vum Vollek Israel waren dunn déi echt Chrëschten Zeie fir Jehova. – Liest Apostelgeschichte 15:14, 17.
Jesus huet seng trei Nofollger organiséiert an hinnen den Optrag ginn, Mënschen aus allen Natiounen iwwer Gott säi Räich ze erzielen, an si ze beléieren (Matthäus 10:7, 11; 24:14; 28:19, 20). Net méi laang, an dann hält dat Béist op der Äerd op. Dat heescht, dësen Optrag vu Jesus ass bal fäerdeg. Fir d’éischte Kéier an der Mënschheetsgeschicht bréngt Jehova d’Mënschen aus allen Natiounen zesummen, fir hien op déi richteg Aart a Weis unzebieden (Offenbarung 7:9, 10). Echt Chrëschte sinn organiséiert, fir een deem aneren ze hëllefen a Courage ze maachen. Op der ganzer Welt gëtt an hire Versammlungen dee selwechte bibelesche Programm ofgehalen. – Liest Hebräer 10:24, 25.
3. Wéi huet Jehova seng Organisatioun ugefaangen?
Ëm d’Joer 1870 gouf et eng kleng Grupp vu Bibelstudenten. Si hunn no an no Wouerechten an der Bibel fonnt, déi laang vergiess waren. Si hunn erausfonnt, datt Jesus d’Chrëschteversammlung organiséiert huet, fir ze priedegen. Dofir huet déi kleng Grupp och ugefaangen, iwwer d’Grenzen eraus, no an no Gott säi Räich ze priedegen. 1931 hunn si den Numm „Zeie vu Jehova“ ugeholl. – Liest Apostelgeschichte 1:8; 2:1, 4; 5:42.
4. Wéi sinn Zeie vu Jehova organiséiert?
Am éischte Joerhonnert sinn d’Chrëschteversammlungen a ville Länner vun enger zentraler Grupp vun Apostelen an eelere Männer, och „Ältesten“ genannt, geleet ginn. Dës Männer hunn erkannt, datt Jesus déi ganz Versammlunge leet an d’Haapt ass (Apostelgeschichte 16:4, 5). Haut ginn d’Zeie vu Jehova och vun engem verantwortleche Kommitee geleet, „leitende Körperschaft“ genannt. Dëse Kommitee besteet aus Ältesten, dat sinn qualifizéiert Männer mat vill Erfarung. Si këmmeren sech ëm d’Büroen op der ganzer Welt, deenen hir Aarbecht et ass, bibelesch Literatur an iwwer 900 Sproochen ze iwwersetzen, ze drécken an ze verdeelen. Sou gëtt dofir gesuergt, datt ronn 120 000 Versammlungen op der ganzer Welt bibelesch beléiert an ugeleet ginn. An alle Versammlunge gëtt et och Ältesten. Si këmmeren sech ganz léif ëm d’Leit an der Versammlung. – Liest 1. Petrus 5:2, 3.
D’Zeie vu Jehova si gutt organiséiert, fir de Mënschen d’Bibel méi no ze bréngen. Geneesou wéi d’Apostele ginn och si vun Haus zu Haus (Apostelgeschichte 20:20). Si ginn och Bibelcoursë fir déi Leit, déi éierlech un der Wouerecht aus der Bibel interesséiert sinn. D’Zeie vu Jehova si méi wéi nëmmen eng Organisatioun. Si sinn eng Famill mat engem léiwe Papp – Jehova. Si all si Bridder a Schwësteren, wou ee fir deen aneren do ass (2. Thessalonicher 1:3). Et ass hire Wonsch, aneren ze hëllefen a Gott frou ze maachen. D’Zeie vu Jehova sinn organiséiert an sinn déi glécklechst Famill op der ganzer Äerd. – Liest Psalm 33:12; Apostelgeschichte 20:35.