Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 15 Froen 1-4
  • Firwat soll ee weidermaachen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Firwat soll ee weidermaachen?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Wéi kann ee Gott méi no kommen?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
  • „Gott méi no ze kommen“, ass gutt fir eis
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2025
  • D’Bibel weiderstudéieren – wat dir hëlleft net opzeginn
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wien ass Gott?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
Méi gesinn
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 15 Froen 1-4

LEKTIOUN 15

Firwat soll ee weidermaachen?

1. Wat bréngt et, mam Bibelstudium weiderzemaachen?

Zwou Fraen, déi an enger Paus op der Aarbecht d’Bibel studéieren

Dat, wat Dir bis elo aus der Bibel geléiert huet, huet Är Léift zu Jehova sécher méi staark gemaach. Bestëmmt wënscht Dir Iech och, datt dës Léift nach méi grouss gëtt (1. Petrus 2:2). D’Hoffnung, éiweg ze liewen, hänkt dovun of, datt ee mam Bibelcours weidermécht a Gott esou méi no kënnt. – Liest Johannes 17:3; Judas 21.

Wat ee Gott besser kenne léiert, wat de Glawen och méi staark gëtt. Dëse Glawen ass wichteg, fir Gott ze gefalen (Hebräer 11:1, 6). Hien hëlleft engem, seng Feeler ze bereien a säi Liewen zum Gudden ze veränneren. – Liest Apostelgeschichte 3:19.

2. Wéi kann Äert Wëssen iwwer Gott aneren hëllefen?

Eng Fra, déi zu Gott biet

Et kann een eng besonnesch Frëndschaft mat Jehova hunn

Et ass normal, datt een eppes Guddes net fir sech behält, virun allem, wann et eng gutt Noriicht ass. Wat een sech méi mat der Bibel beschäftegt, wat et engem ëmmer méi liicht fält, mat aneren iwwer säi Glawen an déi gutt Noriicht ze schwätzen. – Liest Römer 10:13-15.

Déi meescht Leit erziele fir d’éischt der Famill an hire Frënn dovun. Et ass gutt, dat op eng respektvoll Manéier ze maachen. Amplaz schlecht iwwer aner Reliounen ze schwätzen, kann een hinnen einfach vun deem erzielen, wat Gott eis versprach huet. Wann ee mam gudde Beispill virgeet, dann erreecht een dacks méi, wéi mat ville Wierder. – Liest 2. Timotheus 2:24, 25.

3. Wat fir eng Frëndschaft kënnt Dir mat Gott hunn?

Wann ee Gott säi Wuert studéiert, kann een am Glawe wuessen. Doduerch kann een eng besonnesch enk Frëndschaft mat Gott kréien. Et kann ee souguer zu senger Famill gehéieren. – Liest 2. Korinther 6:18.

4. Wéi kann ee weider Fortschrëtter maachen?

Dir kënnt am Glawe wuessen, wann Dir mam Bibelstudium weidermaacht (Hebräer 5:13, 14). Frot einfach een Zeie vu Jehova fir e Bibelcours mam Buch Was lehrt uns die Bibel?. Wat ee méi aus Gott sengem Wuert léiert, wat engem säi Liewen ëmmer besser gëtt. – Liest Psalm 1:1-3; 73:27, 28.

D’ Zeie vu Jehova, déi e Bibelcours ubidden

Déi gutt Noriicht kënnt vu Jehova, dem gléckleche Gott. Dir kënnt him méi no kommen, wann dir och sengem Vollek méi no kommt (Hebräer 10:24, 25). Wann een sech weider beméit, Jehova ze gefalen, kann een dat wierklecht Liewen – jo, dat éiwegt Liewen – kréien. Dat Bescht wat ee maache kann, ass Gott méi no ze kommen. – Liest 1. Timotheus 1:11; 6:19.

Méi doriwwer fannt Dir am Kapitel 18 vum Buch Was lehrt uns die Bibel?

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen