Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • T-30 S. 1-4
  • Wat ass d’Bibel fir e Buch?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ass d’Bibel fir e Buch?
  • Wat ass d’Bibel fir e Buch?
  • Änlecht Material
  • Wat kënnt nach op eis duer?
    Wat kënnt nach op eis duer?
  • Kënne mir Verstuerwener eng Kéier erëm gesinn?
    Kënne mir Verstuerwener eng Kéier erëm gesinn?
  • Wat ass Gott säi Räich?
    Wat ass Gott säi Räich?
  • Hält dee Misär eng Kéier op?
    Hält dee Misär eng Kéier op?
Méi gesinn
Wat ass d’Bibel fir e Buch?
T-30 S. 1-4

Wat ass d’Bibel fir e Buch?

  • E Buch vu Gott?

  • E Mäerchebuch?

  • E Buch wéi en anert?

WAT SEET D’BIBEL DOZOU?

„. . . däi Wuert ass Wourecht.“ (Johannes 17:17, D’Evangelium op Lëtzebuergesch)

WAT HUNN ECH DOVUN?

Äntwerten op Froen no Sënn an Zweck vum Liewen (Sprüche 2:1-5)

Eng zouverléisseg Orientéierung fir den Alldag (Psalm 119:105)

Eng sécher Hoffnung fir d’Zukunft (Römer 15:4)

E Mann an eng Fra, déi an der Bibel liesen; eng glécklech Famill an der Natur

KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?

Jo, aus op d’mannst dräi Grënn:

  • Et ass erstaunlech, wéi alles zesumme passt. D’Bibel ass vun ongeféier 40 Männer iwwert een Zäitraum vu 1 600 Joer geschriwwe ginn. Alles dréint sech ëm een Haaptthema, an dat, obwuel déi meescht vun de Schreiwer sech net kannt hunn!

  • Éierlech Schreiwer. Historiker hunn dacks nëmmen iwwer déi schéi Säite vun hirem Vollek geschriwwen. Awer d’Schreiwer vun der Bibel hunn éierlech iwwer hir eege Feeler an déi vun hirem Vollek geschwat (2. Chronika 36:15, 16; Psalm 51:1-4).

  • Prophezeiungen, déi mir gleewe kënnen. D’Bibel huet schon 200 Joer am viraus den Ënnergank vun der Stad Babylon prophezeit (Jesaja 13:17-22). Si huet awer net nëmmen hiren Ënnergank beschriwwen, mee souguer deejéinegen, deen d’Stad ageholl huet, mat Numm genannt! (Jesaja 45:1-3).

    Och vill aner Prophezeiungen aus der Bibel hu sech bis an dee klengsten Detail erfëllt. Ass et net genee dat, wat een sech vu Gott sengem Wuert erwaart? (2. Petrus 1:21).

FIR NOZEDENKEN

E Papp, eng Mamm, an hir Kanner

Wéi kann d’Bibel eist Liewe verbesseren?

D’Äntwert fënnt een an der Bibel am Jesaja 48:17, 18 an 2. Timotheus 3:16, 17.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen