GESCHICHT 13
De Jakob an den Esau schléisse Fridden
Jehova versprécht dem Jakob, hien ze beschützen, esou wéi hien dat och beim Abraham a beim Isaak gemaach huet. De Jakob plënnert op eng Plaz, déi Haran heescht a gëtt och do bestuet. Seng Famill gëtt ëmmer méi grouss an hie gëtt immens räich.
No enger Zäit seet Jehova dem Jakob: »Géi zeréck an deng Heemecht.« Hien a seng Famill maachen sech op déi laang Rees. Ënnerwee gëtt de Jakob gewuer, datt säi Brudder, den Esau, him entgéintkënnt an dat mat 400 Männer. De Jakob fäert, datt den Esau him a senger Famill eppes wëll undoen. Hie biet zu Jehova: »Wannechgelift, rett mech viru mengem Brudder!« Den nächsten Dag schéckt de Jakob dem Esau ganz vill Geschenker: Schof, Geessen, Kéi, Kaméiler an Ieselen.
An der Nuecht, wéi de Jakob eleng ass, gesäit hien op eemol en Engel. An den Engel fänkt u mat him ze kämpfen. Si rénge bis moies mateneen. De Jakob gëtt dobäi verletzt, awer hie gëtt einfach net op. Den Engel seet: »Ma, looss mech dach goen.« Mee de Jakob äntwert: »Nee, op kee Fall! Net bis du mech seens.«
Schlussendlech seent den Engel hien. Elo weess de Jakob, datt Jehova him hëlleft an datt den Esau him näischt undoe kann.
Méi spéit am Moien, gesäit de Jakob vu Wäitem den Esau mat senge 400 Männer. De Jakob geet vir a verneigt sech siwe mol viru sengem Brudder. Den Esau leeft bei de Jakob an hëlt hien an den Aarm. Déi zwee Bridder musse kräischen a schléisse Fridden. Wéi fillt sech Jehova wuel, wéi hie gesäit, wat de Jakob alles gemaach huet, fir erëm Fridde mat sengem Brudder ze hunn?
Dono geet erëm jidderee bei sech heem. De Jakob huet am Ganzen 12 Jongen: de Ruben, Simeon, Levi, Juda, Dan, Naphtali, Gad, Ascher, Issachar, Sebulon, Joseph an de Benjamin. Ee vun dëse Jongen, de Joseph, gëtt spéider vu Jehova gebraucht, fir säi Vollek ze retten. Weess du wéi? Komm, mir kucken dat an der nächster Geschicht.
„Haalt net op, är Feinde gär ze hunn a fir déi ze bieden, déi iech verfollegen, well esou kënnt dir weisen, datt dir et ärem Papp am Himmel nomaacht“ (Matthäus 5:44, 45)