Aféierung an den Deel 4
An dësem Deel léiere mir de Joseph, den Hiob, de Moses an d’Israelitte kennen. Wéinst dem Däiwel musse si vill matmaachen: Ongerechtegkeet, Prisong, Sklaverei a muncher bleiwen esouguer net vum Doud verschount. Awer Jehova beschützt si op verschidde Manéieren. Weis dengem Kand, wéi si dat alles erdroe konnten, ouni hire Glawen u Jehova ze verléieren.
Jehova gebraucht déi zéng Ploe fir ze weisen, datt hie méi staark ass ewéi all d’Gëtter vun Ägypten. Erklär wéi Jehova säi Vollek fréier beschützt huet a wéi hien et haut mécht.