GESCHICHT 22
D’Wonner vum Roude Mier
De Pharao gëtt gewuer, datt d’Israelitten Ägypte verlooss hunn. Elo deet et him leed, datt hie si goe gelooss huet. Hie gëtt sengen Zaldoten de Befeel: »Maacht meng Krichsween prett! Mir verfollege si! Et war e Feeler si goen ze loossen.« Doropshi joen hien a seng Zaldoten den Israelitten hannendrun.
Jehova weist den Israelitten de Wee, daagsiwwer mat enger Wollek an nuets mat engem Feier. Hie féiert si bei d’Rout Mier. Do solle si hiert Lager opbauen.
D’Israelitte gesinn, datt si vum Pharao a vu senge Leit verfollegt ginn a kréien Angscht. Si sëtzen an der Fal. Am Réck hunn si d’ägyptesch Arméi a viru sech d’Rout Mier. Si jäizen de Moses un: »Mir wäerten alleguer stierwen. Firwat hues du eis net an Ägypte gelooss?« De Moses seet: »Ma fäert dach net. Waart of a kuckt, wéi Jehova eis rett.« Fënns du net och, datt de Moses wierklech op Jehova vertraut?
Jehova seet den Israelitten, si sollen hiert Lager ofbauen. An dëser Nuecht setzt hien d’Wollek tëschent si an d’ägyptesch Arméi. Bei den Ägypter ass et elo däischter a bei den Israelitten hell.
Jehova seet dem Moses, hie soll seng Hand iwwer d’Mier ausstrecken. Du léisst Jehova wärend der ganzer Nuecht e staarke Wand blosen. D’Mier deelt sech, an an der Mëtt gëtt e Wee fräi. Op de Säite steet d’Waasser wéi eng Mauer. Milliounen Israelitte kënnen elo op dréchenem Buedem op déi aner Säit trëppelen.
Dem Pharao seng Arméi rennt den Israelitten hannendrun. Awer Jehova mécht si ganz duercherneen. D’Rieder vun hire Ween ginn alleguer lass. Si panikéieren a brëllen: »Séier ewech vun hei! Jehova kämpft fir si!«
Du seet Jehova dem Moses: »Streck deng Hand iwwer d’Mier aus.« Direkt falen déi zwou Waassermaueren op d’Ägypter. De Pharao an all seng Männer erdrénken. Keen Eenzegen iwwerlieft.
Op der anerer Säit vum Mier séngt dat ganzt Vollek e Lidd, fir Jehova Merci ze soen: »Sangt Jehova e Lidd, well hien huet gewisen, wéi staark hien ass. D’Päerd an d’Reider huet hien an d’Mier geschleidert.« Si sangen alleguer an d’Fraen danzen a spillen Tamburin. Si sinn all esou glécklech, well si elo endlech wierklech fräi sinn.
„Dofir kënne mir voller Zouversiicht soen: ‚Jehova ass meng Hëllef. Ech brauch keng Angscht ze hunn. Wat kann e Mënsch mir schonn undoen?‘ “ (Hebräer 13:6)