GESCHICHT 17
De Moses entscheet sech fir Jehova
An Ägypte gëtt dem Jakob seng ganz Famill Israelitte genannt. Nom Doud vum Jakob a Joseph fänkt en neie Pharao u mat regéieren. Hien huet Angscht, datt d’Israelitte méi staark gi wéi d’Ägypter. Dofir mécht hie si zu Sklaven. Hie forcéiert si Zillen ze bauen a ganz haart op de Felder ze schaffen. Obwuel si esou haart schaffe mussen, gëtt et ëmmer méi Israelitten. Dem Pharao gefält dat guer net. Also gëtt hien de Befeel, all israelittesch Jonge bei der Gebuert dout ze maachen. Kanns du dir virstellen, wéivill Angscht dat den Israelitte mécht?
Eng Israelittin, mam Numm Jochebed, kritt e séisse klenge Bouf. Fir hien ze beschützen, leet si hien an e Kuerf a verstoppt en am déiwe Gras am Floss Nil. Dem Puppelchen seng grouss Schwëster, d’Mirjam, bleift nobäi fir ze kucken, wat geschitt.
Dem Pharao seng Duechter geet an de Floss bueden an du fënnt si de Kuerf. Si mécht en op a gesäit de Bëbee dra kräischen a si huet immens Matleed mat him. D’Mirjam leeft bei si a freet: »Soll ech ee siche goen, deen de Bëbee fir Iech niere kann?« Si ass averstanen. Also geet d’Mirjam seng Mamm, d’Jochebed, sichen. D’Duechter vum Pharao seet hir: »Huel de Puppelchen an nier hie fir mech. Ech bezuelen dech dofir.«
Wéi de Jong al genuch ass, bréngt d’Jochebed hien zeréck bei dem Pharao seng Duechter. Si gëtt him den Numm Moses. Hien ass ewéi hiren eegene Jong. Hie wiisst als Prënz op a kann alles hunn, wat hie wëll. Awer de Moses vergësst Jehova ni. Hie weess, datt hien a Wierklechkeet keen Ägypter ass, mee en Israelitt. An hien entscheet sech dofir, Jehova ze déngen.
Wéi de Moses 40 Joer huet, decidéiert hien de Leit vu sengem Vollek ze hëllefen. Hie gesäit, wéi en Ägypter en israelittesche Sklav zerschléit. De Moses schléit den Ägypter doropshin esou fest, datt hie stierft an dono verstoppt hien den Doudegen am Sand. Wéi de Pharao erausfënnt, wat geschitt ass, wëll hien de Moses ëmbrénge loossen. Awer de Moses flücht an d’Land Midian. Do këmmert sech Jehova weider ëm hien.
„Duerch Glawen huet de Moses … refuséiert de Jong vum Pharao senger Duechter genannt ze ginn. Hie wollt léiwer zesumme mam Vollek vu Gott schlecht behandelt ginn“ (Hebräer 11:24, 25)