Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 19 S. 50-S. 51 Abs. 2
  • Déi éischt dräi Ploen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Déi éischt dräi Ploen
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Déi nächst sechs Ploen
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • De Moses entscheet sech fir Jehova
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Déi zéngt Plo
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 19 S. 50-S. 51 Abs. 2
De Moses an den Aaron sti virum Pharao

GESCHICHT 19

Déi éischt dräi Ploen

D’Israelitte mussen als Sklave ganz haart schaffen. Also schéckt Jehova de Moses an den Aaron mat dëser Noriicht bei de Pharao: »Looss mäi Vollek goen, esou datt et mech an der Wildnis ubiede kann.« De Pharao äntwert ganz stolz zeréck: »Mir ass et ganz egal, wat Jehova seet! Ech loossen d’Israelitten net goen.« Vu lauter Roserei léisst de Pharao si elo nach méi haart schaffen. Awer Jehova beléiert de Pharao enges Besseren. Weess du wéi? Hie mécht, datt schrecklech Saache geschéien. Hie bréngt zéng Ploen iwwer Ägypten. Jehova seet dem Moses: »De Pharao lauschtert net op mech. Muer de moien ass hie beim Floss Nil. Géi da bei hien a so him, datt dat ganzt Waasser am Nil zu Blutt gëtt, wann hie mäi Vollek net goe léisst.« De Moses follegt. Virum Pharao schléit den Aaron mat sengem Bengel op den Nil an dat ganzt Waasser verwandelt sech a Blutt. D’Waasser fänkt u mat sténken, d’Fësch stierwen alleguer an et kann een d’Waasser och net méi drénken. Mee och elo léisst de Pharao d’Israelitten net goen.

Siwen Deeg drop, schéckt Jehova de Moses nach eng Kéier bei de Pharao: »Wann s du mäi Vollek net goe léiss, da wimmelt et a ganz Ägypte vu Fräschen.« De Pharao léisst si net goen. Dunn hieft den Aaron säi Bengel an d’Luucht an et wimmelt vu Fräschen. Si sinn iwwerall: an den Häiser an de Better, esouguer an de Schosselen. Dofir seet de Pharao zum Moses, hie soll Jehova froen, mat der Plo opzehalen an hie versprécht, d’Israelitte goen ze loossen. Jehova stoppt d’Plo an all d’Fräsche stierwen. D’Ägypter tässelen déi doudeg Fräschen op ee Koup nom aneren. Et sténkt fierchterlech. Awer de Pharao léisst d’Israelitten nach ëmmer net goen.

Jehova seet dann zum Moses: »Den Aaron soll mat sengem Bengel op de Buedem schloen. De Stëbs verwandelt sech dann a lauter Mustiken.« Den Aaron mécht dat an direkt ass alles voller Mustiken. Dem Pharao seng eege Leit soen: »Dat do kënnt vu Gott.« Awer de Pharao wëll d’Israelitten einfach net goe loossen.

Dräi vun den zéng Ploen an Ägypten: d’Blutt am Floss Nil, d’Fräschen, an d’Mustiken

„Ech loosse si meng Stäerkt a meng Muecht erkennen, a si mussen erkennen, datt mäin Numm Jehova ass“ (Jeremia 16:21)

Froen: Wat sinn déi éischt dräi Ploen? Firwat bréngt Jehova dës Ploen iwwer Ägypten?

2. Mose 5:1-18; 7:8–8:19; Nehemia 9:9, 10

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen