Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 20 S. 52-S. 53 Abs. 3
  • Déi nächst sechs Ploen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Déi nächst sechs Ploen
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Déi éischt dräi Ploen
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • De Moses entscheet sech fir Jehova
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Déi zéngt Plo
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 20 S. 52-S. 53 Abs. 3
Schwäerm vun Heesprénger

GESCHICHT 20

Déi nächst sechs Ploen

De Moses an den Aaron iwwerbréngen dem Pharao elo déi nächst Noriicht vu Gott: »Wann s du mäi Vollek net goe léiss, da schécken ech lauter Beelen an d’Land.« Dat si grouss Mécken, déi picken. Ganz Schwäerm vun dëse Beele kommen an d’Haiser vun den Ägypter. Weeder aarm nach räich bleiwe verschount. Awer am Land Gosen, wou d’Israelitte wunnen, si keng Beelen. Dës an déi nächst Ploe betreffen nämlech nëmmen d’Ägypter. De Pharao seet zum Moses: »Biet Jehova drëms, datt hien d’Mécken ewechhëlt an da loossen ech iech goen.« Huet de Pharao elo endlech seng Lektioun geléiert? Nee. Wéi Jehova dës Plo stoppt, entscheet hie sech erëm anescht.

Jehova seet: »Wann de Pharao mäi Vollek net goe léisst, da ginn den Ägypter hir Déiere krank a stierwen.« Genee dat geschitt den nächsten Dag, awer den Israelitten hir Déiere stierwen net. Mee och elo bleift de Pharao stuer a gëtt net no.

Da schéckt Jehova de Moses erëm bei de Pharao an do soll hien Äschen an d’Loft geheien. D’Äsche ginn zu Stëbs, dee sech an der Loft verdeelt a sech op d’Ägypter an hir Déieren ofsetzt. Doduerch kréie si grouss Pautschen, dat sinn oppe Wonnen, déi immens vill wéidinn. Awer och esou léisst de Pharao d’Israelitten net goen.

Déi véiert, fënneft a sechst Plo iwwer Ägypten: Beelen, Déiere stierwen, Pautschen

Jehova schéckt de Moses nach eng Kéier bei de Pharao a seet him: »Wëlls du mäi Vollek nach ëmmer net goe loossen? Da reent et muer Knëppelsteng op däi Land.« Den Dag drop schéckt Jehova Donner, Feier a Knëppelsteng. Et ass de schlëmmste Stuerm, dee jee iwwer Ägypte koum. De Stuerm mécht all d’Beem an d’Planze futti. Awer am Land Gose geschitt näischt. De Pharao seet: »Frot Jehova, datt hien dat stoppt! Da kënnt dir goen.« Awer esoubal d’Knëppelsteng an de Reen ophalen, iwwerleet sech de Pharao et erëm anescht.

Da seet de Moses: »All d’Planzen, déi no de Knëppelsteng iwweregbliwwe sinn, gi vun Heesprénger opgefriess.« Milliounen Heesprénger maachen sech iwwer d’Felder an d’Beem hir. Et bleift näischt méi iwwereg. De Pharao biedelt si un: »Frot Jehova, datt d’Heesprénger verschwannen.« Jehova hëlt si all ewech. Awer de Pharao bleift stuer.

Jehova seet zum Moses: »Streck deng Hand an den Himmel.« An et gëtt direkt stackdäischter. D’Ägypter kënnen dräi Deeg laang näischt méi gesinn. Just d’Israelitten hunn an hiren Haiser nach Luucht.

Déi siwent, aacht an néngt Plo iwwer Ägypten: Knëppelsteng, Heesprénger, Däischtert

De Pharao seet zum Moses: »Du an däi Vollek, dir kënnt goen. Awer är Déiere bleiwen hei.« De Moses seet: »Mir mussen eis Déiere mathuelen, well mir si eisem Gott affere wëllen.« De Pharao gëtt esou rosen, datt hie jäizt: »Gitt aus mengen Aen, verschwand! Wann ech iech nach eng Kéier gesinn, da bréngen ech iech ëm!«

„Dir gesitt nach eng Kéier den Ënnerscheed tëschent engem Gerechten an engem Béisen, tëschent engem, dee Gott déngt an engem, deen him net déngt“ (Maleachi 3:18)

Froen: Wat sinn déi nächst sechs Ploen? Wat ass bei dëse Ploen anescht ewéi bei deenen éischten dräi Ploen?

2. Mose 8:20–10:29

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen