GESCHICHT 21
Déi zéngt Plo
De Moses versprécht dem Pharao, net méi erëmzekommen. Awer éier hie geet, seet hien him: »Dës Nuecht stierft all Éischtgebuerenen an Ägypten, esouwuel de Jong vum Pharao ewéi och de Jong vum Sklav.«
Jehova seet den Israelitten, si sollen e besonnescht Iesse preparéieren. Hie seet: »Schluecht e Schofs- oder Geessebock, deen ee Joer al ass a schmiert e bësse vu sengem Blutt op d’Rumm vun ärer Dier. D’Fleesch sollt dir broden an et mat Brout ouni Sauerdeeg iessen. Hutt är Sandalen un a sidd prett fir ze goen. Dës Nuecht befreien ech iech.« Kanns du dir virstellen, wéi gespaant d’Israelitte sinn?
Ëm Mëtternuecht kënnt Jehova säin Engel bei all Haus an Ägypten. Do wou kee Blutt ronderëm d’Dier ass, stierft den éischtgebuerene Jong. Awer do, wou Blutt un der Dier ass, do geet den Engel laanscht. All ägyptesch Famill, egal ob räich oder aarm, verléiert e Kand. Awer bei den Israelitte stierft kee Kand.
Esouguer dem Pharao säi Jong stierft. Dat ass him elo ze vill. Direkt seet hien dem Moses an dem Aaron: »Allez, verschwannt! Gitt a biet äre Gott un an huelt all är Déiere mat! Maacht iech nëmme fort!«
Et ass Vollmound, wéi d’Israelitten Ägypte verloossen. Si sinn opgedeelt no Famill a Stamm. Et si 600 000 Männer a vill Fraen a Kanner. Et ginn nach vill aner Leit mat hinnen, well si Jehova och ubiede wëllen. Endlech sinn d’Israelitte fräi!
D’Israelitte sollen elo all Joer dëst besonnescht Iessen preparéieren. Firwat? Fir sech ëmmer erëm drun ze erënneren, wéi Jehova si gerett huet. Dëst Iesse gëtt Passah genannt, wat „laanschtgoen“ bedeit.
„Grad aus dësem Grond hunn ech dech um Liewe gelooss: fir an dengem Fall meng Muecht ze weisen a fir datt mäin Numm op der ganzer Äerd bekannt gemaach gëtt“ (Römer 9:17)