Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 10
  • Sech voll a ganz asetzen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sech voll a ganz asetzen
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi Jesus virgaang ass
  • Wat léiere mir vu Jesus?
  • Maach et ewéi Jesus
  • De Bibelschüler hëllefen, fir d’Wouerecht Stellung ze bezéien
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2025
  • Mutt hunn, eppes unzeschwätzen
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Op eng einfach Aart a Weis léieren
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Wéi ee mam Buch „Glécklech fir ëmmer“ e Bibelcours duerchféiert
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 10

JÜNGER MAACHEN

Jesus an den Nikodemus sëtzen nuets an engem Haff a schwätze mateneen.

Joh. 3:1, 2

LEKTIOUN 10

Sech voll a ganz asetzen

Grondsaz: „Mir [wollten] net nëmmen d’gutt Noriicht vu Gott mat iech deelen, mee och eist Liewe selwer, well dir eis esou wichteg gi waart“ (1. Thes. 2:8, BFL)

Wéi Jesus virgaang ass

Jesus an den Nikodemus sëtzen nuets an engem Haff a schwätze mateneen.

VIDEO: Jesus schwätzt mam Nikodemus

1. De VIDEO kucken, oder Johannes 3:1, 2 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat kéint eng Ursaach gewiescht sinn, firwat den Nikodemus léiwer nuets bei Jesus gaang ass? (Dozou Johannes 12:42, 43.)

  2. Jesus war bereet, den Nikodemus an der Nuecht ze treffen. Wéi huet Jesus doduerch gewisen, datt et him wichteg war, Jünger ze maachen?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Mir weisen de Mënschen eis Léift, andeem mir eis voll a ganz fir si asetzen an hinnen hëllefen, Jünger ze ginn.

Maach et ewéi Jesus

3. Studéier zu enger Zäit an op enger Plaz, déi däi Bibelschüler arrangéiert. Fir hien ass vläicht e bestëmmten Dag oder eng bestëmmten Auerzäit am beschten. Wëll hie léiwer op der Aarbecht, doheem oder op enger anerer Plaz studéieren? Maach däi Bescht, dech no him ze riichten.

4. Studéier reegelméisseg. Wann et bei dir net goe sollt, da so de Studium net direkt of. Fro dech:

  1. Kéinte mir un engem aneren Dag studéieren?

  2. Kéinte mir iwwer Telefon oder Videokonferenz studéieren?

  3. Kéint en anere Verkënneger asprangen?

5. Biet ëm déi richteg Astellung. Fro Jehova, dir ze hëllefen, däi Bibelschüler net ze schnell opzeginn, wann et him schwéierfält, reegelméisseg ze studéieren oder dat ëmzesetzen, wat hie léiert (Phil. 2:13). Biet Jehova ëm Hëllef, fir dech op déi gutt Eegenschafte vun dengem Bibelschüler ze konzentréieren.

DOZOU OCH

Spr. 3:27; Apg. 20:35; 2. Kor. 12:15

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen