Wéi kann ech mir e Bibelcours mat den Zeie vu Jehova virstellen?
D’Zeie vu Jehova offréieren Iech en interaktive Bibelcours, fir d’Bibel besser kennen ze léieren. Eise Bibelcours kann Iech hëllefe fir:
E glécklecht Liewen ze hunn
Gott säi Frënd ze ginn
Eng Hoffnung fir d’Zukunft ze kréien
Op dëser Säit:
Wann ech de Bibelcours matmaachen, muss ech dann en Zeie vu Jehova ginn?
Dierf ech anerer invitéieren, fir beim Bibelcours matzemaachen?
Gëtt et eng Méiglechkeet d’Bibel ze studéieren ouni e perséinleche Bibellehrer?
Wéi leeft e Bibelcours of?
Äre perséinleche Bibellehrer hëlleft Iech, Theema fir Theema mat der Bibel vertraut ze ginn. Ären interaktive Bibelcours mam Titel Glécklech fir ëmmer weist Iech no an no, wat d’Bibel léiert a wéi si Iech hëllefe kann. An dësem Video gitt Dir méi dozou gewuer.
Kascht dëse Bibelcours eppes?
Nee. Mir halen eis un dat, wat Jesus senge Jünger gesot huet: „Gratis habt ihr bekommen, gratis gebt weiter“ (Matthäus 10:8). Eis Bibellehrer ginn net bezuelt a weeder d’Bibel nach d’Publikatioun Glécklech fir ëmmer kaschten Iech eppes.
Wéi laang dauert de Cours?
De ganze Cours besteet aus 60 Lektiounen. Dir bestëmmt, wéi oft Dir studéiere wëllt. Vill Bibelschüler huelen opmannst eng Lektioun pro Woch duerch.
Wou fänken ech un?
1. Fëllt den Online – Kontaktformulaire aus. Är Donnéeë gi just genotzt, fir Kontakt mat Iech opzehuelen.
2. E Bibellehrer kontaktéiert Iech. Äre Bibellehrer erkläert Iech, wéi den interaktive Bibelcours ofleeft a beäntwert gären Är Froen.
3. Praktesch Detailer kënnt Dir direkt mat Ärem Bibellehrer ofschwätzen. Dir kënnt selwer decidéieren, wou a wéi de Bibelcours ofgehale soll ginn: Bei Iech doheem oder soss anzwousch, awer och iwwer Telefon, per Videouruff, per Post oder iwwer E-Mail. Ee Cours dauert an der Reegel eng Stonn, mee seng Dauer kann och flexibel un Iech ugepasst ginn.
Kann ech fir d’éischt emol probéieren?
Jo. Fëllt dofir den Online-Kontaktformulaire aus. Wa sech e Bibellehrer da bei Iech mellt, da sot him, datt Dir de Bibelcours fir d’éischt ausprobéiere wëllt. Fir erauszefannen, ob dat Iech gefält, gebraucht hien (oder hatt) d’Broschür Glécklech fir ëmmer, wou déi éischt dräi Lektiounen ze fanne sinn.
Wann ech de Bibelcours matmaachen, muss ech dann en Zeie vu Jehova ginn?
Nee. D’Zeie vu Jehova studéiere gär d’Bibel mat aneren. Mee mir géifen nimools anerer ënner Drock setzen, fir sech eis unzeschléissen. Mir weise gär, wat d’Bibel seet, respektéieren awer gläichzäiteg, datt jiddwereen d’Recht huet ze decidéieren, wat hie gleeft (1. Petrus 3:15).
Dierf ech meng eege Bibel benotzen?
Jo, Dir kënnt Iech gär aussichen, wéi eng Bibeliwwersetzung Dir gebrauche wëllt. Mir gebrauche ganz gär déi kloer a liicht verständlech „Neue Welt Übersetzung“. Natierlech respektéiere mir et och, wann Dir eng aner Iwwersetzung benotzt.
Dierf ech anerer invitéieren, fir beim Bibelcours matzemaachen?
Jo, Är ganz Famill ka matmaachen an Dir kënnt och gär Frënn dozou invitéieren.
Wat ass, wann ech fréier schonn eng Kéier mat den Zeie vu Jehova studéiert hunn? Dierf ech dann nach eng Kéier ufänken?
Jo, op jiddwer Fall! Warscheinlech gefält Iech den neie Bibelcours souguer nach besser, well en op d’Bedierfnesser vun eiser Zäit ageet. En ass nach méi visuell an interaktiv wéi de Bibelcours virdrun. Loosst Iech iwwerraschen!
Gëtt et eng Méiglechkeet d’Bibel ze studéieren ouni e perséinleche Bibellehrer?
Jo. Och wa vill Leit mat engem Bibellehrer besser virukommen, probéieren anerer et léiwer emol eleng. Dofir gëtt et Hëllefsmëttelen, fir d’Bibel ze studéieren. Do fannt Dir ënner anerem Rubricke wéi:
Videoen zum Bibelcours. Kuerz Videoe ginn d’Äntwerten op grondleeënd Froen zu der Bibel.
Äntwerten op Froen zu der Bibel. Hei kënnt Dir liesen, wat d’Bibel iwwer ënnerschiddlech Theeme seet.
D’Bibelversen erkläert. Gitt méi iwwer den Hannergrond vu bekannte Bibelverse gewuer.