Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwyp Artikel 59
  • Ass Homosexualitéit verkéiert?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Ass Homosexualitéit verkéiert?
  • Jonk Leit froen
  • Ënnertitel
  • Wat seet d’Bibel?
  • Bedeit dat … ?
  • Mee wat, wann … ?
Jonk Leit froen
ijwyp Artikel 59
Zwou männlech an zwou weiblech Silhouetten halen sech dʼHand

JONK LEIT FROEN

Ass Homosexualitéit verkéiert?

„Mäi gréisste Problem als Teenager war, datt ech Persoune vum nämmlechte Geschlecht attraktiv fonnt hunn. Ech duecht, dat wär just esou eng Phas, awer dës Gefiller ploe mech haut nach ëmmer“ (David, 23).

Den David wëll als Chrëscht Gott gefalen. Geet dat, obwuel hien sech zu Persoune vum selwechte Geschlecht higezu fillt? Wéi denkt Gott iwwer Homosexualitéit?

  • Wat seet d’Bibel?

  • Bedeit dat … ?

  • Mee wat, wann … ?

Wat seet d’Bibel?

D’Usiichten iwwer Homosexualitéit si vu Kultur zu Kultur verschidden an änneren sech am Laf vun der Zäit. Awer Chrëschte loossen sech net vun där Meenung beaflossen, déi grad in ass a si loossen sech och net „vun all Wand vun der Léier matrappen“ (Epheser 4:14). Gradewéi an all anere Liewensberäicher, baséiert sech och hir Astellung zum Theema Homosexualitéit op Prinzippien aus der Bibel.

Wat homosexuell Praktiken ugeet, ass d’Bibel ganz kloer. Si seet:

  • „Du solls net bei enger männlecher Persoun esou leien, ewéi s du bei enger Fra läis“ (3. Mose 18:22).

  • „Dowéinst huet Gott si hiren onéierbare physesche Leidenschaften ausgeliwwert. Hir Fraen hunn den natierleche Geschlechtsverkéier géint onnatierlechen agetosch“ (Römer 1:26, BFL).

  • „Macht euch nichts vor: Keiner, der ein unmoralisches Leben führt, Götzen anbetet, die Ehe bricht, homosexuelle Beziehungen eingeht, stiehlt, geldgierig ist, trinkt, Verleumdungen verbreitet oder andere beraubt, wird an Gottes Reich teilhaben“ (1. Korinther 6:9, 10, Neue Genfer Übersetzung).

Am Fong gëlle Gott seng Norme fir jiddereen, egal ob een homosexuell oder heterosexuell ass. Schlussendlech muss jidderee Selbstbeherrschung hunn, deen eppes maache wëll, wat Gott net gefält (Kolosser 3:5).

Bedeit dat … ?

Bedeit dat, datt d’Bibel Haass géint homosexuell Persounen fërdert?

Nee. Am Contraire, d’Bibel seet et soll ee keen haassen, egal ewéi eng sexuell Orientéierung eng Persoun huet. Si seet esouguer: „Strieft nom Fridde mat jidderengem“, an dat onofhängeg vum Liewensstil (Hebräer 12:14, BFL). Homophobie ass also falsch. Et soll een homosexuell Persoune weeder schlecht behandelen, nach mobben oder géint si handgräiflech ginn.

Bedeit dat, datt Chrëschte géint Gesetzer sinn, déi en homosexuellt Bestietnes erlaben?

D’Bibel weist, datt Gott d’Bestietnes tëschent engem Mann an enger Fra virgesinn hat (Matthäus 19:4-6). Wa fir Gesetzer fir homoesexuell Bestietnesser ofgestëmmt gëtt, dann ass dat allerdéngs eng politesch Saach. Der Bibel no, solle Chrëschte politesch neutral sinn (Johannes 18:36). Als Chrëschte si mir also weeder géint, nach fir Gesetzer, déi zu Gonschte vun homosexuelle Koppelen sinn.

Mee wat, wann … ?

Mee wat, wann eng Persoun en homosexuelle Liewensstil huet – ka si sech änneren?

Jo dat geet. Am éischte Joerhonnert hunn sech muncher geännert. A sengem Bréif un d’Korinther huet den Apostel Paulus kloer gesot, datt déijéineg, déi hir Homosexualitéit ausliewen, Gott säi Kinnekräich net ierwe géifen an dono sot hien: „Muncheree vun iech war fréier esou (1. Korinther 6:11, BFL).

Heescht dat, datt déi, déi mat dësem Liewensstil opgehalen hunn, elo guer keng homosexuell Wënsch oder Neigunge méi hunn? Nee, well d’Bibel seet: „Kleet iech mat der neier Perséinlechkeet, déi duerch genee Erkenntnis erneiert gëtt“ (Kolosser 3:10). Esou eng Verännerung ass also e laange Prozess.

Mee wat, wann een no Gott senge Prinzippie liewe wëll an awer nach ëmmer homosexuell Wënsch huet?

Wéi mat alle Wënsch kann een decidéieren, dës Wënsch ze fërderen oder hinnen net nozeginn. Wéi kann een dat kontrolléieren? D’Bibel seet: „Loosst iech ëmmer vum Geescht leeden, da gitt dir sënnege Wënsch op kengem Fall no“ (Galater 5:16).

De Vers seet net, et géif ee keng falsch Wënsch méi hunn. Mee et kann een awer d’Stäerkt entwéckelen hinnen ze widderstoen. Wéi? Andeems ee reegelméisseg d’Bibel studéiert an zu Gott biet.

Den David, dee scho genannt gouf, huet erlieft, datt dat wouer ass. Virun allem, nodeems hie mat sengen Elteren doriwwer geschwat hat. „Eng rise Laascht ass vu menge Schëllere gefall“ seet hien „a warscheinlech wär ech als Teenager vill méi glécklech gewiescht, wann ech mech mengen Elteren éischter uvertraut hätt“.

Am Endeffekt si mir ëmmer méi glécklech, wa mir eis u Jehova seng Prinzippien halen. Mir sinn iwwerzeegt, datt dës Gesetzer „gerecht sinn, d’Häerz erfreeën“ a mir räich belount ginn, wa mir eis dorun halen (Psalm 19:8, 11).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen