Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 6 Froen 1-5
  • Wat fir eng Hoffnung gëtt et fir déi Verstuerwen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat fir eng Hoffnung gëtt et fir déi Verstuerwen?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Wat geschitt nom Doud?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 6 Froen 1-5

LEKTIOUN 6

Wat fir eng Hoffnung gëtt et fir déi Verstuerwen?

1. Wat seet déi gutt Noriicht iwwer d’Verstuerwener?

De Lazarus gëtt no senger Operstéiung vu senge Schwësteren, Maria a Martha, an den Aarm geholl

Wéi Jesus op Bethanien komm ass, wat net wäit ewech vu Jerusalem läit, war säi Frënd, de Lazarus, scho véier Deeg dout. Jesus ass mam Maria a mam Martha, de Schwëstere vum Lazarus, bei d’Graf gaangen. No an no sinn ëmmer méi Leit dohinner komm. D’Maria an d’Martha mussen sech immens gefreet hunn, wéi Jesus de Lazarus an d’Liewen zeréckbruecht huet. – Liest Johannes 11:21-24, 38-44.

D’Martha huet déi gutt Noriicht iwwer déi Verstuerwe kannt, an doru gegleeft, datt Jehova déi Verstuerwen nees an d’Liewen op der Äerd zeréckbréngt. – Liest Hiob 14:14, 15.

2. Wat geschitt beim Doud?

Den Adam, grad vu Gott gemaach. An herno, säin Doud

Gott sot dem Adam: „Stëbs bass du, an zu Stëbs gëss du erëm.“ (1. MOSE 3:19)

Mir Mënsche sinn aus Stëbs gemaach (1. Mose 2:7; 3:19). Mir hu keng Séil an eis. Wa mir stierwen, lieft also näischt méi vun eis weider. Mir kënnen net méi denken. Dowéinst wosst de Lazarus och näischt iwwer déi Zäit ze soen, wou hien dout war. Déi Doudeg kréien näischt méi mat. – Liest Psalm 146:4; Prediger 9:5, 6, 10.

Péngegt Gott een nom Doud an enger Häll? D’Bibel weist eis, datt déi Doudeg näischt méi wëssen. Dowéinst ass d’Léier vun enger Häll falsch a si stellt Gott falsch duer. Schonn eleng de Gedanken, Mënschen am Feier ze péngegen, degoûtéiert Gott. – Liest Jeremia 7:31.

Kuckt de Video Wat geschitt beim Doud?

3. Kënnen déi Doudeg mat eis schwätzen?

Déi Doudeg kënne weeder schwätzen nach héieren (Psalm 115:17). Awer et gi béis Engelen, déi mat de Mënsche schwätzen a maachen, wéi wann si déi Verstuerwe wieren (2. Petrus 2:4). Dofir wëllt Jehova op kee Fall, datt mir probéieren, mat den Doudegen ze schwätzen. – Liest 5. Mose 18:10, 11.

4. Wie kritt eng Operstéiung?

E Mann léiert Gott no sënger Operstéiung am Paradies kennen. Duerno hëlleft en aneren no hirer Operstéiung Gott kennen ze léieren.

Millioune Verstuerwener kréien eng Operstéiung hei op der Äerd, souguer vill vu deenen, déi schlëmm Saache gemaach hunn a vu Jehova näischt wossten. – Liest Lukas 23:43; Apostelgeschichte 24:15.

Déi Operstane ginn d’Wouerecht iwwer Gott gewuer. Si kënnen dann hire Glawen u Jesus beweisen, andeems si op hie lauschteren (Offenbarung 20:11-13). Wann si sech dofir entscheeden, da kënnen si fir ëmmer op der Äerd liewen. – Liest Johannes 5:28, 29.

5. Wat léiere mir duerch d’Operstéiung iwwer Jehova?

D’Operstéiung ass nëmmen doduerch méiglech, well Gott säi Jong geschéckt huet an hie fir eis gestuerwen ass. Duerch d’Operstéiung gesi mir Jehova seng Léift a seng Guttheet, déi mir net verdéngt hunn. Wann Dir un d’Operstéiung denkt, wie wëllt Dir am léifsten erëmgesinn? – Liest Johannes 3:16; Römer 6:23.

Méi doriwwer fannt Dir an de Kapitele 6, 7, an 10 vum Buch Was lehrt uns die Bibel?

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen