Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 8 Froen 1-5
  • Firwat léisst Gott dat Béist zou?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Firwat léisst Gott dat Béist zou?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Firwat gëtt et esou vill Leed?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 8 Froen 1-5

LEKTIOUN 8

Firwat léisst Gott dat Béist zou?

1. Wéi huet dat Béist ugefaangen?

1. Den Adam, deen op déi verbuede Fruucht kuckt; 2. Verschidde mënschlech Herrscher; 3. Krichszenen

Gott huet de Mënsche laang genuch erlaabt ze regéieren. Domat ass bewisen, datt d’Mënschen hir Problemer net selwer léise kënnen.

Dat Béist huet ugefaangen, wéi den Däiwel déi éischt Ligen erzielt huet. Am Ufank war hien e perfekten Engel, awer „hie war an der Wouerecht net verwuerzelt“ (Johannes 8:44). Hien hat de Wonsch entwéckelt, geneesou ugebiet ze ginn wéi Gott. Den Däiwel huet déi éischt Fra, d’Eva, belunn an hatt dozou bruecht, him ze follegen, an net Gott. Den Adam huet Gott och net gefollegt. Wéinst senger Entscheedung ass et zu Misär an Doud komm. – Liest 1. Mose 3:1-6, 19.

Wéi den Däiwel dem Eva gesot huet, net op Gott ze lauschteren, huet hien eng Rebellioun géint Gott als héchsten Herrscher ugefaangen. Déi meescht Mënschen hunn sech dem Däiwel ugeschloss a wëlle Gott net als Herrscher. Doduerch ass Satan „dee ginn, deen d’Welt beherrscht.“ – Liest Johannes 14:30; 1. Johannes 5:19.

2. Huet Gott bei der Schöpfung e Feeler gemaach?

Alles wat Gott gemaach huet, ass perfekt. D’Mënschen an och d’Engelen, déi Gott erschaf hat, waren absolut amstand, seng Geboter ze halen (5. Mose 32:4, 5). Gott huet eis esou erschaf, datt mir d’Fräiheet hunn, tëschent Gutt a Béis ze wielen. Dës Fräiheet erlaabt eis ze beweisen, datt mir Gott gär hunn. – Liest Jakobus 1:13-15; 1. Johannes 5:3.

3. Firwat huet Gott de Misär bis haut zougelooss?

Jehova huet d’Rebellioun géint hien als Herrscher fir eng gewëssen Zäit zougelooss. Firwat? Fir ganz kloer ze weisen, datt et näischt Guddes bréngt, wa Mënschen sech selwer regéieren (Prediger 7:29; 8:9). No 6 000 Joer Mënschheetsgeschicht ass ganz kloer: Keng Regierung op der Äerd huet et fäerdegbruecht, Kricher, Verbriechen, Ongerechtegkeet a Krankheeten en Enn ze maachen. – Liest Jeremia 10:23; Römer 9:17.

Vu Gott awer regéiert ze ginn, ass gutt fir eis (Jesaja 48:17, 18). Gläich suergt Jehova dofir, datt mënschlech Regierungen net méi do sinn. Nëmmen déi Mënschen, déi Gott als Herrscher akzeptéieren, liewen dann op der Äerd (Jesaja 11:9). – Liest Daniel 2:44.

Kuckt de Video Firwat léisst Gott de Misär zou?

4. Wat ass duerch Gott seng Gedold méiglech?

Den Däiwel huet behaapt, d’Mënsche géife Gott nëmme follegen, wann se eppes dovunner hätten. Wëllt Dir dës Behaaptung widderleeën? Dat ass méiglech! Wéinst Gott senger Gedold kënne mir alleguer weisen, ob mir léiwer vu Gott oder vu Mënsche regéiert wëlle ginn. Eis Entscheedung weist sech duerch d’Aart a Weis, wéi mir liewen. – Liest Hiob 1:8-12; Sprüche 27:11.

5. Wéi kënne mir eis fir Gott als Herrscher entscheeden?

Leit bei engem Bibelcours

Eis Entscheedungen weisen, ob mir Gott als eisen Herrscher unhuelen.

Mir entscheeden eis fir Gott als Herrscher, wa mir an der Bibel nokucken, wéi hien ugebiet wëllt ginn an et dann och esou maachen (Johannes 4:23). Wann ee géint Satan als Herrscher ass, mécht ee wéi Jesus an hält sech aus Politik a Kricher eraus. – Liest Johannes 18:36.

Den Däiwel gebraucht seng Muecht, fir moralesch Wäerter ze ënnergruewen an d’Mënschen ze motivéieren, Schlechtes ze maachen. Mécht een do net mat, gëtt vläicht de Geck mat engem gemaach oder et gëtt een ënner Drock gesat (1. Petrus 4:3, 4). Et muss een sech also entscheeden. Hält ee sech un seng Gesetzer, déi praktesch sinn a Léift als Grondlag hunn? Wann een dat mécht, ass dat e Beweis, datt Satan gelunn huet an datt ee Gott awer follegt, och wann et net einfach ass.— Liest 1. Korinther 6:9, 10; 15:33.

Gott huet eis Mënsche gär an dat ass d’Garantie dofir, datt de Misär an dat Béist ophalen. Wa mir duerch eist Liewe weisen, datt mir dorunner gleewen, wäerte mir éiweg op der Äerd liewe kënnen. – Liest Johannes 3:16.

Méi doriwwer fannt Dir am Kapitel 11 vum Buch Was lehrt uns die Bibel?

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen