LEKTIOUN 10
Wéi erkennt een déi richteg Relioun?
1. Gëtt et nëmmen eng richteg Relioun?
Jesus huet viru falsche Prophéite gewarnt. (MATTHÄUS 7:15)
Jesus huet net geléiert, datt vill Relioune richteg sinn, mee just eng. Hien huet déi richteg Relioun mat engem Wee verglach, deen zum éiwege Liewe féiert. Jesus huet gesot, et sinn der nëmme wéineg, déi dee Wee fannen (Matthäus 7:14). Gott akzeptéiert nëmmen, wa mir hien esou ubieden, wéi et an der Bibel steet. Echt Chrëschte sinn alleguer an engem eenzege Glawe verbonnen. – Liest Johannes 4:23, 24; 14:6; Epheser 4:4, 5.
Kuckt de Video Féieren all Weeër zu Gott?
2. Wat huet Jesus iwwer falsch Chrëschte gesot?
Echt Chrëschte soen net dat Eent, a maachen dat Anert (TITUS 1:16)
Jesus huet viru falsche Prophéite gewarnt, déi d’Chrëschtentum verdierwe géifen. No baussen hi gesinn si aus wéi echt Chrëschten. Hir Kierche behaapten och, chrëschtlech ze sinn. Et gesäit een awer, datt si falsch Chrëschte sinn. Echt Chrëschte falen op duerch hir gutt Eegenschaften an hir Liewensweis. – Liest Matthäus 7:13-23.
3. Wourun erkennt een echt Chrëschten?
Hei si fënnef Aussoen:
Echt Chrëschte respektéieren d’Bibel als Gott säi Wuert. Si ginn sech drun, no bibelesche Prinzipien ze liewen. Déi richteg Relioun ass net op mënschlech Iddien opgebaut (Matthäus 15:7-9). Echt Chrëschte soen net dat Eent, a maachen dat Anert. – Liest Johannes 17:17; 2. Timotheus 3:16, 17.
Echt Chrëschten éiere Gott säin Numm, Jehova. Jesus huet Gott säin Numm bekannt gemaach. Hien huet de Leit gehollef, Gott kennen ze léieren an si geléiert bieden, datt Gott säin Numm gehellegt gëtt (Matthäus 6:9). Wat fir eng Relioun mécht an Ärer Géigend den Numm vu Gott bekannt? – Liest Johannes 17:26; Römer 10:13, 14.
Echt Chrëschte schwätzen iwwer Gott säi Räich. Gott huet Jesus geschéckt, fir déi gutt Noriicht vum Räich ze priedegen. Gott säi Räich ass déi eenzeg Hoffnung fir d’Mënschen. Jesus huet bis kuerz viru sengem Doud doriwwer geschwat (Lukas 4:43; 8:1; 23:42, 43). Echt Chrëschten hu vu Jesus den Optrag kritt, iwwer dëst Räich ze schwätzen. Wann eng Persoun mat Iech iwwer Gott säi Räich schwätzt, wat fir eng Relioun huet déi Persoun warscheinlech? – Liest Matthäus 24:14.
Echt Chrëschte si keen Deel vun dëser schlëmmer Welt. Si halen sech aus alle politeschen a soziale Konflikter eraus (Johannes 17:16; 18:36). Si hunn net déi selwecht Astellung wéi dës verduerwe Welt an dofir maachen si dobäi net mat. – Liest Jakobus 4:4.
Echt Chrëschte weisen aussergewéinlech Léift zueneen. D’Bibel léiert si, all Volleksgruppen ze respektéieren. Déi falsch Reliounen hu Kricher massiv ënnerstëtzt, echt Chrëschte maachen dat awer net (Micha 4:1-3). Si setze léiwer hir Zäit, Kraaft a Mëttel an, fir aneren ze hëllefen an hinne Mutt ze maachen. – Liest Johannes 13:34, 35; 1. Johannes 4:20.
4. Kënnt Dir déi richteg Relioun erkennen?
Wat fir eng Relioun hält sech mat all hire Léieren un d’Bibel, éiert Gott säin Numm a schwätzt iwwer Gott säi Räich als eenzeg Hoffnung fir d’Mënschen? Wie geet net an de Krich a weist, datt en säin Nächste gär huet? Wat mengt Dir? – Liest 1. Johannes 3:10-12.