Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • fg Lektioun 13 Froen 1-4
  • Wat geschitt mat all de Reliounen?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat geschitt mat all de Reliounen?
  • Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Änlecht Material
  • Wéi Relioune Gott falsch duerstellen
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wéi erkennt een déi richteg Relioun?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
Eng gutt Noriicht vu Gott
fg Lektioun 13 Froen 1-4

LEKTIOUN 13

Wat geschitt mat all de Reliounen?

1. Sinn all Relioune gutt?

E Mann liest an der Bibel

Et gi Mënschen, déi et ganz eescht mat hirer Relioun mengen. Ass et net schéin ze wëssen, datt Gott si gesäit, an si him um Häerze leien? Am Numm vun der Relioun ass leider vill Schlëmmes gemaach ginn (2. Korinther 4:3, 4; 11:13-15). An den Noriichten héiert ee vun muenche Reliounen, déi an Terrorismus, Vëlkermord, Krich a Kannermëssbrauch verwéckelt sinn. Mënschen, déi u Gott gleewen, sinn doriwwer entsat. – Liest Matthäus 24:3-5, 11, 12.

Déi richteg Relioun éiert Gott, déi falsch Reliounen éieren hien awer net. Si léiere Saachen, déi net an der Bibel stinn. Si erziele Ligen iwwer Gott, an doriwwer, wat nom Doud geschitt. Jehova wëllt awer, datt d’Mënschen d’Wouerecht iwwer hie gewuer ginn. – Liest Hesekiel 18:4; 1. Timotheus 2:3-5.

2. Wat geschitt mat all de Reliounen?

Ee Gléck, datt Gott sech net vu Reliounen täusche léisst, déi behaapten, Gott gär ze hunn, awer a Wierklechkeet Satan seng Welt gär hunn (Jakobus 4:4). D’Bibel nennt all déi falsch Reliounen „Babylon déi Grouss“. Babylon war déi Stad, wou d’falsch Relioun no der Sintflut ugefaangen huet. Gott hëlt geschwënn déi Reliounen, déi Mënschen täuschen an ënnerdrécken, op eenzock ewech. – Liest Offenbarung 17:1, 2, 5, 16, 17; 18:8.

An de falsche Relioune fënnt een awer och Mënschen, déi Gott gefale wëllen. Jehova vergësst si net. Hien hëlleft hinnen, d’Wouerecht kennen ze léieren a bréngt d’Mënschen esou zesummen. – Liest Micha 4:2, 5.

3. Wat mécht een, fir Gott ze gefalen?

Leit, déi no der Versammlung mateneen schwätzen

Déi richteg Relioun bréngt Mënschen zesummen

Fir Jehova sinn déi Mënsche wichteg, déi d’Wouerecht a Gerechtegkeet gär hunn. Hie wëllt onbedéngt, datt si aus der falscher Relioun erausginn. Wie Gott gefale wëllt, an hie gär huet, ass bereet säi Liewen ze änneren. – Liest Offenbarung 18:4.

Am éischte Joerhonnert hunn d’Apostelen eng gutt Noriicht verbreet. Vill Mënschen hunn sech deemools richteg doriwwer gefreet. Si sinn eppes Neies vu Jehova gewuer ginn. Si haten elo eng Hoffnung an eng nei Richtung am Liewen, déi si glécklech gemaach huet. Fir eis sinn si haut e gutt Beispill. Si hunn déi Léiere mat Freed ugeholl, an dat war fir si dat Wichtegst an hirem Liewen. – Liest 1. Thessalonicher 1:8, 9; 2:13.

Jehova reecht jidderengem d’Hand, deen aus der falscher Relioun erausgeet. Wa mir dës häerzlech Invitatioun vun him unhuelen, gi mir seng Frënn, begéine Mënschen, déi Jehova gär huet an eis gutt doen, an hunn d’Aussiicht op éiwegt Liewen. – Liest Markus 10:29, 30; 2. Korinther 6:17, 18.

4. Wat mécht Gott, fir datt sech all Mënsch freeë kann?

Déi gutt Noriicht ass: Gott zerstéiert déi falsch Reliounen. Si kënnen da kee méi ënnerdrécken, an déi ganz Welt kann opootmen. Si kann d’Mënschen och ni méi täuschen an ausernee bréngen. D’Mënsche bieden dann alleguer zesummen den eenzeg richtege Gott un, Jehova. – Liest Offenbarung 18:20, 21; 21:3, 4.

Méi doriwwer fannt Dir an de Kapitele 15 a 16 vum Buch Was lehrt uns die Bibel?

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen