Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 11 S. 32-S. 33 Abs. 2
  • Den Abraham vertraut wierklech op Jehova

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Den Abraham vertraut wierklech op Jehova
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Den Abraham an d’Sara lauschteren op Gott
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 11 S. 32-S. 33 Abs. 2
Den Abraham an den Isaak sinn ënnerwee Richtung Moria

GESCHICHT 11

Den Abraham vertraut op Jehova

Den Abraham bréngt sengem Jong dem Isaak bäi, Jehova gär ze hunn an un all seng Verspriechen ze gleewen. Awer wéi den Isaak ongeféier 25 Joer huet, freet Jehova den Abraham eppes ze maachen, wat him ganz schwéier géif falen. Weess du wat?

Gott seet zum Abraham: »Huel wannechgelift däin eenzege Jong an affer hien op engem Bierg am Land Moria.« Den Abraham huet keng Anung, firwat Jehova dat freet. Awer hie follegt trotzdeem.

Den nächsten Dag, moies fréi, hëlt den Abraham den Isaak an zwee Dénger a si maache sech op de Wee Richtung Moria. No dräi Deeg kënne si d’Bierger vu Wäitem gesinn. Den Abraham seet sengen Dénger, si solle waarden, wärend hien an den Isaak en Affer duerbrénge ginn. Den Isaak dréit d’Holz fir d’Feier an den Abraham huet e Messer dobäi. Den Isaak freet säi Papp: »Wou ass dann d’Déier, wat mir Jehova afferen?« Den Abraham äntwert: »Maach dir keng Suergen, mäi Jong, Jehova suergt schonn dofir.«

Wéi si uewen um Bierg ukommen, baue si en Altor aus Steng. Dono fesselt den Abraham sengem Jong d’Hänn an d’Féiss a leet hien op d’Holz.

Den Isaak läit gefesselt um Altor an den Abraham huet e Messer an der Hand

Den Abraham hëlt d’Messer a just an deem Moment rifft Jehova säin Engel aus dem Himmel: »Abraham! Do dem Jong näischt! Elo weess ech, datt s du u Gott gleefs, well s du bereet waars, däi Jong ze afferen.« Du gesäit den Abraham e Schofsbock, deen sech mat sengen Haren an der Heck verfaangen huet. Hie bënnt säi Jong ganz séier lass an affert de Schofsbock amplaz vum Isaak.

Vun do u seet Jehova, datt den Abraham säi Frënd ass. Weess du, firwat? Well hien alles mécht, wat Jehova him seet, och wann hien net direkt versteet firwat.

Den Abraham befreit den Isaak vun de Fesselen

Jehova versprécht dem Abraham nach eng Kéier: »Ech wäert dech seenen an du kriss vill Kanner.« Dat bedeit, datt Jehova dem Abraham seng Famill gebraucht, fir vill Guddes fir d’Mënschen op der ganzer Äerd ze maachen.

„Gott hat d’Welt esou gär, datt hie säin eenzege Jong ginn huet, fir datt jiddwereen, deen un hie gleeft, net vernicht gëtt, mee éiwegt Liewen huet“ (Johannes 3:16)

Froen: Wéi beweist den Abraham, datt hie wierklech op Jehova vertraut? Wat versprécht Jehova dem Abraham?

1. Mose 22:1-18; Hebräer 11:17-19; Jakobus 2:21-23

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen