GESCHICHT 24
Si briechen hiert Verspriechen
Jehova seet dem Moses: »Komm bei mech erop op de Bierg. Ech schreiwe meng Gesetzer op Tafelen aus Steen a ginn dir déi.« De Moses klëmmt de Bierg erop a bleift 40 Deeg an Nuechten do. An där Zäit schreift Jehova déi Zéng Geboter op zwou Tafelen aus Steen a gëtt se dem Moses.
No enger Zäit denken d’Israelitten, datt de Moses net méi zeréckkënnt. Si soen dem Aaron: »Mir wëllen een hunn, deen eis uféiert. Maach eis e Gott.« Den Aaron seet: »Gitt mir äert Gold.« Hie schmëlzt d’Gold a mécht doraus e Kallef. D’Leit soen: »Dëst Kallef ass eise Gott, deen eis aus Ägypten erausgefouert huet.« Si bieden d’Gëllent Kallef un a feieren e Fest. War dat falsch? Jo, well d’Vollek versprach hat, nëmme Jehova unzebieden. Awer elo briechen si hiert Verspriechen.
Jehova gesäit, wat si maachen a seet dem Moses: »Géi erof bei d’Vollek. Si follege mir net a bieden e falsche Gott un.« De Moses geet mat den zwou Tafelen de Bierg erof.
Wéi de Moses méi no bei d’Lager kënnt, héiert hien d’Leit sangen. Da gesäit hien si danzen a sech virum Kallef verneigen. De Moses ass richteg rosen. Hie geheit d’stengen Tafelen op de Buedem a si zerbriechen an dausend Stécker. Hien zerstéiert d’Kallef direkt a freet den Aaron: »Wéi konns du dech nëmme vum Vollek iwwerriede loossen, esou eppes Schlëmmes ze maachen?« Den Aaron äntwert: »Sief net rose mat mir. Du weess jo ewéi si sinn. Si wollten onbedéngt e Gott, also hunn ech hiert Gold an d’Feier gehäit an dobäi ass dëst Kallef erauskomm!« Dat wat den Aaron gemaach huet, ass falsch. De Moses klëmmt de Bierg erëm erop a freet Jehova, dem Vollek dach wannechgelift ze verzeien.
Jehova verzeit deenen, déi bereet sinn op hien ze lauschteren. Si mussen awer och op de Moses lauschteren, well hien d’Vollek féiere soll. Verstees du, firwat dat wichteg ass?
„Wann s du Gott e Versprieche gëss, zéck net, dech dorun ze halen, well hien huet déi Domm net gär. Hal dech un dat, wat s du verspréchs“ (Prediger 5:4)