LIDD 35
Wourop et ukënnt
1. Wéi schwéier, ass et haut z’ënnerscheeden,
wat fir eis gutt a wat schlecht.
Jehova weist eis wourop et ukënnt,
wëll fir eis ëmmer dat Bescht.
(REFRAIN)
Gären hu mir, wat Gott gefält
an net mëssfält.
Räichlech geseent gi mir, wa mir gesinn,
wa mir verstinn:
Wat wierklech wichteg am Liewen ass.
2. Verbreeden déi gutt Noriicht vum Kinnekräich,
gär op der ganzer Äerd.
Ze fanne ween haut nach no Gott sicht,
ass fir eis all Ustrengung wäert.
(REFRAIN)
Gären hu mir, wat Gott gefält
an net mëssfält.
Räichlech geseent gi mir, wa mir gesinn,
wa mir verstinn:
Wat wierklech wichteg am Liewen ass.
3. Wa mir dat Wichtegst op d’éischt Plaz stellen,
schenkt hien eis Zefriddenheet.
De Fridde vu Gott ass onvirstellbar,
eis schützt an eist Häerz begleet.
(REFRAIN)
Gären hu mir, wat Gott gefält
an net mëssfält.
Räichlech geseent gi mir, wa mir gesinn,
wa mir verstinn:
Wat wierklech wichteg am Liewen ass.
(Kuck och Ps. 97:10; Joh. 21:15-17; Phil. 4:7.)