Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 14
  • Wéi wëll Gott ugebiet ginn?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wéi wëll Gott ugebiet ginn?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Et lount sech, d’Versammlunge vun den Zeie vu Jehova ze besichen
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wéi s du deng Versammlung ënnerstëtze kanns
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat d’Bibel iwwer Aarbecht a Geld seet
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 14
Lektioun 14. Zeie vu Jehova sangen zesumme mat aneren, déi eng Versammlung besichen.

LEKTIOUN 14

Wéi wëll Gott ugebiet ginn?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Wéi mir scho gesinn hunn, gefale Gott net all Reliounen, awer et ass méiglech Gott esou unzebieden, datt hien sech doriwwer freet. Wat fir eng „Aart Ubiedung [oder Relioun]“ gefält him? (Jakobus 1:27, Foussnout). Wat seet d’Bibel?

1. Wou gi mir gewuer, wéi ee Gott richteg ubiet?

D’Bibel seet eis, wéi Gott ugebiet wëll ginn. Jesus sot zu Gott: „Däi Wuert ass d’Wouerecht“ (Johannes 17:17, BFL). Muench Reliounen ignoréieren d’Wouerecht aus der Bibel an ersetzen si mat mënschleche Léieren an Traditiounen. Awer Jehova gefält et net, wann een sech iwwer säi Gebot ewechsetzt. (Lies Markus 7:9.) Op der anerer Säit freet hien sech iwwer jiddwereen, deen sech enk un säi Wuert, d’Bibel, hält.

2. Wéi solle mir Jehova ubieden?

Mir sollen nëmme Jehova ubieden, well hien ass eise Schöpfer (Offenbarung 4:11). Dat bedeit, datt mir hie vun Häerze gär hunn an hien eleng ubieden ouni dobäi Biller, Ikonen oder aner Géigestänn ze gebrauchen. (Lies Jesaja 42:8.)

Eis Ubiedung muss helleg a fir Jehova akzeptabel sinn (Römer 12:1). Dat bedeit, datt mir eis un seng Geboter hale mussen. Wie Jehova gär huet, hält sech zum Beispill u säi Moossstaf fir d’Bestietnes. An et evitéiert ee schiedlech Gewunnechten ewéi de Gebrauch vun Tubak an Drogen oder de Mëssbrauch vu Medikamenter an Alkohol.a

3. Firwat solle mir mat aneren zesummekommen, fir Jehova unzebieden?

An de Versammlungen, déi all Woch stattfannen, hu mir Geleeënheeten, Jehova „in der Gemeinde“ ze éieren a begeeschtert iwwer hien ze schwätzen (Psalm 111:1, 2). Dat maache mir zum Beispill doduerch, datt mir Lidder fir hie sangen. (Lies Psalm 104:33.) Jehova wënscht sech vun eis, datt mir d’Versammlunge besichen, well hien eis gär huet a weess, datt si eis hëllefen, fir ëmmer glécklech ze sinn. Wa mir mat aneren zesummekommen, kënne mir eis géigesäiteg Mutt maachen.

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat wëll Jehova net, datt mir bei der Ubiedung Biller oder aner Géigestänn gebrauchen? Wéi kënne mir Jehova éieren a gutt iwwer hie schwätzen?

4. Mir solle keng Biller gebrauchen, fir Gott unzebieden

Firwat wësse mir, datt Gott dat net gefält? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Akzeptéiert Gott de Gebrauch vu Biller an der Ubiedung? (3:26)

Collage: 1. Israelitte bieden e gëllent Kallef beim Bierg Sinai un. 2. E Mann, deen e Rousekranz an der Hand huet, biet virun enger Statu vun der Jongfra Maria.
  • Wat ass geschitt, wéi muench Israelitte probéiert hunn, Jehova mat Hëllef vun enger Statu unzebieden?

Muencher gebrauche Biller oder aner Géigestänn, fir sech Gott méi no ze fillen. Awer kéint et sinn, datt een sech doduerch vu Gott distanzéiert? 2. Mose 20:4-6 a Psalm 106:35, 36 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat gebrauchen d’Leit an denger Géigend, fir Gott unzebieden?

  • Wéi empfënnt Jehova, wann een esou Saache gebraucht?

  • Wéi denks du doriwwer?

5. Nëmme Jehova unzebiede befreit vu falsche Léieren

Jehova esou unzebieden, wéi et him gefält, kann eis vu falsche Virstellunge befreien. De VIDEO kucken.

VIDEO: D’Wouerecht huet mech fräi gemaach (5:16)

Psalm 91:14 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat versprécht Jehova deenen, déi aus Léift zu him nëmmen hien ubieden?

6. An de Versammlunge biede mir Gott un

Wa mir an de Versammlunge Kommentare ginn an zesumme sangen, ermontere mir eis géigesäiteg a verherrleche Jehova. Psalm 22:22 liesen. Dozou dës Froen:

  • Frees du dech, wann anerer an der Versammlung Kommentare ginn?

  • Wëlls du dech och eng Kéier op e Kommentar virbereeden?

Collage: Eng Bibelschülerin léiert Gott esou unzebieden, wéi et him gefält. 1. An enger Versammlung séngt si Lidder, déi Gott éieren. 2. An enger Versammlung gëtt si Kommentaren. 3. Si weist enger Fra an hirem Meedchen e Video, deen sech op d’Bibel baséiert.

7. Jehova freet sech, wa mir dat weiderginn, wat mir léieren

Et gi vill Geleeënheeten, mat aneren iwwer bibelesch Wouerechten ze schwätzen. Psalm 9:1 a 34:1 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat hues du schonn aus der Bibel geléiert, wat s du engem anere gär erziele géifs?

WANN EE SEET: „Et ass Gott egal, wéi mir hien ubieden. Haaptsaach, et ass een e gudde Mënsch.“

  • Wéi gesäis du dat?

FAZIT

Eise Schöpfer freet sech, wa mir nëmmen hien ubieden, hien an der Versammlung verherrlechen a mat aneren iwwer dat schwätzen, wat mir léieren.

Réckbléck

  • Wéi kënne mir erausfannen, wéi Gott ugebiet wëll ginn?

  • Firwat solle mir nëmme Jehova ubieden?

  • Firwat wëll Jehova, datt mir mat aneren zesummekommen, fir hien unzebieden?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Am Bericht „Ech si kee Sklav vu Gëtze méi“ erzielt eng Fra, firwat si opgehalen huet, Gëtzen unzebieden.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2011)

Wat kann engem hëllefen, an der Versammlung Kommentaren ze ginn?

„Jehova an der Versammlung éieren a luewen“ (Der Wachtturm, Januar 2019)

E jonke Mann, deem et schwéier gefall ass an d’Versammlung ze goen, erzielt, wéi si him gutt gedoen huet.

Jehova huet fir mech gesuergt (3:07)

D’Kräiz gehéiert fir vill Leit zum chrëschtleche Glawen. Soll een et gebrauchen?

„Firwat gebrauchen d’Zeie vu Jehova kee Kräiz?“ (Online-Artikel)

a Aner Lektioune ginn nach méi op dës Theemen an.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen