Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • ijwyp Artikel 44
  • Ass Oralsex och scho Sex?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Ass Oralsex och scho Sex?
  • Jonk Leit froen
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wat mengs du?
  • Wat sinn d’Fakten?
  • Firwat ass et net egal?
  • Wat seet d’Bibel iwwer Sex?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Jonk Leit froen
ijwyp Artikel 44
Eng Silhouette vun engem jonke Mann an enger jonker Fra

JONK LEIT FROEN

Ass Oralsex och scho Sex?

Laut enger Studie an Amerika, haten ongeféier d’Hallschent vun den Teenager tëschent 15 an 19 Joer schonn Oralsex. „Wann ee mat Teenager iwwer Oralsex schwätzt, da soe si dat wär keng grouss Saach“ erzielt d’Sharlene Azam, Autorin vum Buch Oral Sex Is the New Goodnight Kiss. „Am Fong ass dat fir si guer kee Sex“.

  • Wat mengs du?

  • Wat sinn d’Fakten?

  • Firwat ass et net egal?

Wat mengs du?

Jo oder Nee?

  1. Kann een duerch Oralsex schwanger ginn?

    1. Jo

    2. Nee

  2. Ass Oralsex geféierlech fir d’Gesondheet?

    1. Jo

    2. Nee

  3. Ass Oralsex scho Sex?

    1. Jo

    2. Nee

Wat sinn d’Fakten?

Kuck, ob deng Äntwerte richteg waren.

  1. Kann een duerch Oralsex schwanger ginn?

    Äntwert: Nee. An dowéinst menge vill Leit et wier harmlos. Mee domat leie si falsch.

  2. Ass Oralsex geféierlech fir d’Gesondheet?

    Äntwert: Jo. Och bei Oralsex kann een sech zum Beispill mat Hepatitt A a B, Genitalwaarzelen, Gonorrhoe (Tripper), Herpes, AIDS a Syphilis ustiechen.

  3. Ass Oralsex scho Sex?

    Äntwert: Jo. Soubal d’Geschlechtsorganer vun enger anerer Persoun mat am Spill sinn, schwätzt ee vu Sex. Dozou gehéiert de Geschlechtsverkéier, awer och Oral- an Analsex an en aneren ze masturbéieren.

Firwat ass et net egal?

Kuck dir emol dës Bibelverser un. Si weisen, wéi Gott iwwer dëst Theema denkt.

D’Bibel seet: „De Wëlle vu Gott fir iech ass nämlech är Hellegung: datt dir iech vum onerlaabtem Sex ewechhaalt“ (1. Thessalonicher 4:3, BFL).

Dat griichescht Wuert, dat hei mat „onerlaabtem Sex“ iwwersat gouf, bezitt sech op all Intimbezéiungen tëschent onbestuete Leit. Dozou gehéiert Geschlechtsverkéier, Oralsex, Analsex an en aneren ze masturbéieren. Wann ee Sex huet, obwuel een net bestuet ass, kann dat schwéier Konsequenzen hunn. Virun allem verléiert een d’Frëndschaft mat Gott (1. Petrus 3:12).

D’Bibel seet: „All aner Sënn, déi e Mënsch begeet, ass baussent dem Kierper, mee wien onerlaabte Sex huet, sënnegt géint säin eegene Kierper“ (1. Korinther 6:18, BFL).

Oralsex kann denger Gesondheet an denger Frëndschaft mat Gott schueden an et kann och zu emotionalen Narbe kommen. „Sech ausgenotzt oder blesséiert ze fillen an et ze bereien, ass net op Vaginalsex beschränkt“, heescht et am Buch Talking Sex With Your Kids. „All negativ Gefiller, déi een nom Geschlechtsverkéier an enger falscher Situatioun kann hunn, kann een no all Aart vu Sex an enger falscher Situatioun hunn. Sex ass Sex.“

D’Bibel seet: „Ech, Jehova, sinn däi Gott, deen dech zu dengem Notze léiert“ (Jesaja 48:17).

Bass du dovun iwwerzeegt, datt Gott seng Gesetzer a punkto Sex, wierklech gutt fir dech sinn oder mengs du éischter, datt si dech aschränken? Fir dat besser ze verstoen, kann een dat mam Code de la route vergläichen. Am Stroosseverkéier gëtt et Vitesslimitatiounen, rout Luuchten a Stoppschëlder. Schränken si dech an denger Fräiheet an oder sinn si e Schutz? Ugeholl, du an déi aner géifen dës Reegelen einfach ignoréieren – wat géif da geschéien?

E Chauffer ignoréiert e Stroosseschëld an ass als Geeschterfuerer ënnerwee

De Code de la route schränkt zwar deng Fräiheet an, awer et ass zu dengem Schutz. Geneesou ass et mat Gott senge Gesetzer: Si setzen dir Limitten, mee nëmmen zu dengem Gudden

Mat Gott senge Prinzippien ass et d’selwecht. Wann s du si ignoréiers, dann huet dat och Konsequenzen (Galater 6:7). „Jee méi s du deng Wäerter an Iwwerzeegungen opgëss a bei Saache matméchs, déi s du net gutt fënns, desto manner Respekt hues du virun dir selwer“, heescht et am Buch Sex Smart. Par contre, wann s du Gott seng Norme respektéiers, da weis du wierklech Charakterstäerkt an nach méi wichteg, du behäls e gutt Gewëssen (1. Petrus 3:16).

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen