Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 58
  • Bleif Jehova loyal!

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Bleif Jehova loyal!
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Wéi Relioune Gott falsch duerstellen
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Wat geschitt mat all de Reliounen?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
  • Wéi s du Jehova weise kanns, datt s du hie gär hues
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 58
Lektioun 58. Um Wee fir op de Kongress geet eng Famill roueg laanscht eng Grupp vun Demonstranten, déi fréier Zeie vu Jehova waren.

LEKTIOUN 58

Bleif Jehova loyal!

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Echt Chrëschten hunn sech fest virgeholl, datt näischt a keen si dovun ofbréngt, Jehova ze déngen. Dat ass bestëmmt och däin Zil. An deng Loyalitéit bedeit Jehova vill. (Lies 1. Chronika 28:9.) Wat kéint deng Loyalitéit op d’Prouf stellen a wat kanns du da maachen?

1. Wéi probéiere muncher, eis dovun ofzebréngen, Jehova géintiwwer loyal ze bleiwen?

Et gi Leit, déi eis dovun ofbrénge wëllen, Jehova ze déngen. Dozou gehéiere Persounen, déi Jehova seng Organisatioun verlooss hunn an elo Ligen iwwer si erzielen, fir eise Glawen ze zerstéieren. Déi ginn „Abtrünnige“ genannt. Och munch Geeschtlecher verbreede falsch Informatiounen iwwer eis an der Hoffnung, datt liichtgleeweg Persounen d’Wouerecht verloossen. Et ass geféierlech, mat Géigner ze diskutéieren, hir Bicher oder Blogs ze liesen, hir Websäiten ze besichen oder hir Videoen ze kucken. Jesus sot iwwer Persounen, déi anerer vu Jehova ofbrénge wëllen: „Loosst si! Si si Blanner, déi déi Blann féieren! Wann e Blannen e Blanne féiert, fale se allebéid an e Gruef“ (Matthäus 15:14, BFL).

2. Duerch wéi eng perséinlech Entscheedunge weise mir, datt mir loyal zu Jehova halen?

Aus Léift zu Jehova wëlle mir eis op näischt aloossen, wat mat der falscher Relioun zesummenhänkt. Dat bedeit, datt mir eis op keng Aarbecht, Tätegkeet oder Organisatioun aloossen, déi mat der falscher Relioun a Verbindung steet. Jehova fuerdert eis op: „Gitt aus hir [Babylon der Grousser] eraus, mäi Vollek“ (Offenbarung 18:2, 4).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi kanns du vermeiden, datt eppes tëschent dech a Jehova kënnt? Firwat weise mir eis Loyalitéit Jehova géintiwwer, wa mir aus Babylon der Grousser erausginn?

3. Opgepasst virun deenen, déi Ligen erzielen

Wéi solle mir reagéieren, wa mir negativ Berichter iwwer Jehova seng Organisatioun héieren? Sprüche 14:15 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat soll een net alles gleewen, wat een héiert?

2. Johannes 9-11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi solle mir eis deene géintiwwer verhalen, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?

  • Wéi kéinte mir mat Iddie vun esou Persounen a Kontakt kommen, och wa mir keen direkte Kontakt mat hinnen hunn?

  • Wat mengs du, wéi géif Jehova sech fillen, wa mir eis mat negative Berichter iwwer hien an seng Organisatioun ofginn?

4. Hal loyal zu Jehova, wann e Glawensbrudder sënnegt

Wat solls du maachen, wann s du matkriss, datt een an der Versammlung schwéier gesënnegt huet? Dozou e Grondsaz aus dem Gesetz, dat Gott den Israelitte ginn huet. 3. Mose 5:1 liesen.

Dëse Vers weist, datt mir den Älteste soe sollen, wat mir wëssen, wa mir matkréien, datt ee schwéier gesënnegt huet. Éier mir dat maachen, wier et léif, deemjéinegen un d’Häerz ze leeën, selwer bei d’Ältesten ze goen. Wann hien dat net mécht, solls du aus Loyalitéit géintiwwer Jehova d’Älteste selwer uschwätzen. Wéi weis du doduerch deng loyal Léift fir …

  • Jehova?

  • d’Persoun, déi gesënnegt huet?

  • anerer an der Versammlung?

Collage: E Brudder hëlleft engem anere Brudder, deen e Feeler gemaach huet. 1. De Brudder gesäit eppes um Handy, dat hie beonrouegt. 2. De Brudder weist deem anere Brudder um Handy, wat hie gesinn huet. Deen anere Brudder reagéiert awer net positiv. 3. De Brudder schwätzt mat zwee Ältesten a weist hinnen um Handy, wat hie gesinn huet.

Hëllef engem Glawensbrudder, deen a Gefor ass

5. Hal dech vu Babylon der Grousser getrennt

De VIDEO kucken.

VIDEO: Gitt aus Babylon der Grousser eraus! (5:06)

Eng Zeen aus dem Video „Gitt aus Babylon der Grousser eraus!“ Eng Bibelschülerin, déi grad hir Aarbecht bei enger Kierch gekënnegt huet, dréit dem Paschtouer de Réck a geet.

Lukas 4:8 an Offenbarung 18:4, 5 liesen. Dozou dës Froen:

  • Gehéieren ech nach enger falscher Relioun un?

  • Gehéieren ech zu enger Organisatioun, déi mat enger falscher Relioun verbonnen ass?

  • Ënnerstëtzen ech duerch meng Aarbecht eng falsch Relioun?

  • Gëtt et nach en anere Beräich, an deem ech mat enger falscher Relioun verbonne sinn?

  • Wat soll ech maachen, wann ech op eng vun dëse Froe mat Jo äntweren?

Entscheet dech esou, datt s du e rengt Gewëssen hues an een deng Loyalitéit géintiwwer Jehova kloer gesäit.

Eng Schwëster geet mat hirem Jong aus engem Geschäft. Si gi laanscht eng Fra, déi fir eng reliéis Organisatioun Spende sammelt fir e gudden Zweck.

Géifs du enger reliéiser Organisatioun Sue fir e gudden Zweck spenden?

WANN EE SEET: „Ech muss dach wëssen, wat déi, déi der Wouerecht de Réck gedréit hunn, fir Ligen erzielen. Soss kann ech d’Wouerecht net verteidegen.“

  • Ass dat eng gutt Iwwerleeung? Firwat oder firwat net?

FAZIT

Fir datt mir loyal zu Jehova hale kënnen, meide mir de Kontakt mat deenen, déi versichen eis ierzeféieren.

Réckbléck

  • Firwat solle mir net op Iddie lauschteren, déi vun deene kommen, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?

  • Wat solle mir maachen, wa mir matkréien, datt ee schwéier gesënnegt huet?

  • Wat gehéiert dozou, déi falsch Relioun ze verloossen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi soll ee reagéieren, wa Ligen iwwer Zeie vu Jehova erzielt ginn?

„Kenns du d’Fakten?“ (Der Wachtturm, August 2018)

Wéi een erausfënnt, ob eng Organisatioun zu Babylon der Grousser gehéiert.

„Sief räichlech beschäftegt um Enn vun de ‚leschten Deeg‘“ (Der Wachtturm, Oktober 2019, Abschnitt 16-18)

Wéi versiche Géigner, eise Glawen ze schwächen?

Opgepasst virun Täuschungen (9:26)

Am Bericht „Ech hu schonn als Kand no Gott gesicht“ erzielt een, dee Schinto-Priester war, firwat hien d’falsch Relioun verlooss huet.

„D’Bibel verännert Liewen“ (Der Wachtturm, 1. Juli 2011)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen