LIDD 134
Kanner – e Kaddo vu Jehova
1. Mamm a Papp sinn einfach glécklech:
Hire klénge Bëbee ass endlech do!
Wat fir e Kaddo vu Jehova!
Si hunn d’Verantwortung elo.
Ginn hire Wee mat Gott zesummen;
Jehova si bei dëser Aufgab leet.
Hien ass den Ursprong vun all Liewen,
mat Weisheet d’Elteren hie begleet.
(REFRAIN)
Jehova huet Kanner sou gären!
Gehéi’ren net just eis eleng.
Mir si mat Léift Gott säi Wuert léi’ren.
Hiert Liewe läit an eisen Hänn!
2. Gott säi Wuert äert Häerz beréiert,
dann e Virbild fir är Kanner kënnt ginn.
Si spiere sou, wéi no dir Gott sidd
a wëllen dann och him no sinn.
Iwwert seng Wierder schwätzt zesummen,
ob dir doheem sidd oder ënnerwee.
Wa si drun denken, sech drun halen,
ka Gott si seenen op hirem Wee.
(REFRAIN)
Jehova huet Kanner sou gären!
Gehéi’ren net just eis eleng.
Mir si mat Léift Gott säi Wuert léi’ren.
Hiert Liewe läit an eisen Hänn!
(Dozou och 5. Mo. 6:6, 7; Eph. 6:4; 1. Tim. 4:16.)