LEKTIOUN 57
Wat ass, wann ech schwéier gesënnegt hunn?
Du hues Jehova gär a beméis dech, näischt ze maachen, wat him wéideet. An awer méchs du heiansdo Feeler. Munch Sënne si méi schlëmm wéi anerer (1. Korinther 6:9, 10). Och wann s du schwéier gesënnegt hues, kanns du sécher sinn, datt Jehova dech nach ëmmer gär huet. Hien ass bereet, dir ze verzeien, a wëll dir hëllefen.
1. Wat musse mir maachen, fir datt Jehova eis verzeit?
Déi, déi Jehova gär hunn, sinn immens traureg, wann hinne bewosst gëtt, datt si schwéier gesënnegt hunn. Dann ass et en Trouscht ze wëssen, wat Jehova deene versprécht, déi him déngen: „Och wann är Sënne scharlachrout sinn, ginn si esou wäiss ewéi Schnéi“ (Jesaja 1:18). Wann ee vun Häerze bereit, da verzeit Jehova engem komplett. Wat heescht et, ze bereien? Et deet engem wierklech leed, wat ee gemaach huet. Et hält een domat op an et freet ee Jehova ëm Verzeiung. Et strengt een sech un, säin Denken an seng Gewunnechten, déi zur Sënn gefouert hunn, ze änneren. Et setzt een alles drun, erëm no Jehova senge renge Prinzippien ze liewen. (Lies Jesaja 55:6, 7.)
2. Wéi gebraucht Jehova d’Ältesten, fir eis ze hëllefen, wa mir schwéier gesënnegt hunn?
Jehova wëll, datt mir d’Älteste vun der Versammlung ruffen, wa mir schwéier gesënnegt hunn. (Lies Jakobus 5:14, 15.) D’Ältesten hu Jehova gär an déijéineg, déi Jehova déngen. Si wëssen, wéi si eis hëllefe kënnen, eis d’Verhältnes zu Jehova erëm an d’Rei ze bréngen (Galater 6:1).
Wéi hëllefen d’Ältesten engem, dee schwéier gesënnegt huet? Zwee oder dräi Älteste weisen him mat der Bibel, firwat dat, wat hie gemaach huet, falsch ass. Si ginn him gudde Rot a praktesch Virschléi, déi him hëllefen, dee Feeler net nach eng Kéier ze maachen. Fir d’Versammlung ze schützen, gëtt een, dee schwéier gesënnegt huet an net bereit, duerch d’Älteste vun der Versammlung getrennt.
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi hëlleft Jehova engem, dee schwéier gesënnegt huet? Doriwwer nozedenke stäerkt eis Léift zu Jehova.
3. Wann ee Feeler zougëtt, fillt een sech besser
Wa mir sënnegen, verletze mir Jehova. Dofir ass et wichteg, datt mir him eis Sënne bekennen. Psalm 32:1-5 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat ass et gutt, Jehova eis Sënnen ze bekennen an si net ze verstoppen?
Nodeem ee Jehova seng Sënnen zouginn huet, ass et och wichteg, Ältesten ëm Hëllef ze froen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:
Wéi hunn d’Ältesten dem Canon gehollef, zeréck bei Jehova ze kommen?
Mir mussen oppen an éierlech sinn, fir datt d’Ältesten eis wierklech hëllefe kënnen. Jakobus 5:16 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat kënnen d’Ältesten eis besser hëllefen, wa mir hinnen oppen an éierlech alles soen?
Bekenn Jehova deng Sënn, schwätz oppen iwwer alles mat den Ältesten an huel Jehova seng Hëllef un
4. Jehova ass baarmhäerzeg mat deenen, déi schwéier gesënnegt hunn
Wat ass, wann ee schwéier gesënnegt huet an sech net méi u Jehova seng Grondsätz hale wëll? Hie gëtt vun der Versammlung getrennt a mir hu keen Ëmgang méi mat him. 1. Korinther 5:6, 11 liesen. Dozou dës Fro:
„Ein wenig Sauerteig [durchsäuert] die ganze Teigmasse.“ Wat fir en Afloss hätt et op d’Versammlung, wann ee mat engem, deen net bereit, Ëmgang géif hunn?
D’Ältesten orientéieren sech dorun, wéi baarmhäerzeg Jehova mat deenen ëmgeet, déi schwéier gesënnegt hunn. Si ginn op déi duer, déi vun der Versammlung getrennt goufen an hëllefen hinnen. Vill vun hinne sinn dono nees an d’Versammlung zeréckkomm. Vun der Versammlung getrennt ginn ze sinn huet zwar wéigedoen, awer et ass hinnen doduerch bewosst ginn, datt si falsch gehandelt hunn (Psalm 141:5).
Wéi weist d’Aart a Weis, wéi Jehova mat deenen ëmgeet, déi schwéier gesënnegt hunn, datt hie fair, baarmhäerzeg a voller Léift ass?
5. Jehova verzeit jiddwerengem, dee bereit
Jesus weist mat engem Verglach, wéi Jehova fillt, wann ee bereit. Lukas 15:1-7 liesen. Dozou dës Fro:
Wat léiers du doraus iwwer Jehova?
Hesekiel 33:11 liesen. Dozou dës Fro:
Wourun ass ze erkennen, datt ee wierklech bereit?
Jehova ass ewéi en Hiert, deen sech léif ëm seng Schof këmmert
WANN EE SEET: „Ech hunn Angscht, datt ech vun der Versammlung getrennt ginn, wann ech den Älteste soen, wat ech gemaach hunn.“
Wat géifs du engem soen, deen esou denkt?
FAZIT
Wann ee schwéier gesënnegt huet, awer éierlech bereit a sech fest virhëlt, de Feeler net nach eng Kéier ze maachen, verzeit Jehova gär.
Réckbléck
Firwat ass et gutt, wa mir Jehova eis Sënne bekennen?
Wat musse mir maachen, fir datt Jehova eis verzeit?
Firwat solle mir Hëllef bei den Älteste sichen, wa mir schwéier gesënnegt hunn?
MÉI GEWUER GINN
E Mann erzielt, wéi hien dat verspuert huet, wat a Jesaja 1:18 steet.
Wéi versichen d’Ältesten, deenen ze hëllefen, déi schwéier gesënnegt hunn?
Wéi Sënner, déi net bereien, Léift a Baarmhäerzegkeet gewise kréien.
„Hëllef fir déi, déi vun der Versammlung getrennt gi sinn“ (Der Wachtturm, August 2024)
Am Bericht „Ech hu misse bei Jehova zeréckkommen“ erzielt e Mann, wéi hien zeréckkomm ass, well Jehova hie gezunn huet.