GESCHICHT 12
De Jakob kritt d’Ierfschaft
Mat 40 Joer bestit den Isaak d’Rebekka. Hien huet hatt immens gär. Si kréien iergendwann Zwillingen – zwee Jongen.
Deen als éischt op d’Welt kënnt, heescht Esau an deen anere kritt den Numm Jakob. Den Esau ass am léifsten dobaussen a geet gär op d’Juegd. De Jakob ass am léifsten doheem.
Deemools ass et üblech, datt nom Doud vum Papp, den eelste Jong de gréissten Undeel u Land a Sue kritt. Dat nennt een eng Ierfschaft. Am Isaak senger Famill huet zu dëser Ierfschaft nach eppes anescht gehéiert. Jehova géif duerch den eelste Jong d’Versprieche wouer maachen, déi hien dem Abraham ginn huet. Dem Esau sinn dës Verspriechen egal, awer dem Jakob sinn si immens wichteg.
Enges Daags kënnt den Esau doudmidd vun der Juegd heem. Et richt nom leckeren Iessen, dat de Jakob gekacht huet. Hie seet dunn zum Jakob: »Ech erhéngeren! Gëff mir eppes vun där rouder Zopp!« De Jakob äntwert him: »An der Rei, mee fir d’éischt muss du mir verspriechen, mir deng Ierfschaft ze ginn.« Den Esau seet doropshinn: »Meng Ierfschaft ass mir ganz egal. Du kanns alles kréien. Ech wëll elo einfach nëmmen eppes z’iessen.« Wat mengs du? Ass dat eng gutt Iddi vum Esau? Nee, iwwerhaapt net. Den Esau gëtt esou eppes Wäertvolles einfach op, just nëmme fir en Teller Zopp.
Den Isaak ass scho ganz al an et ass elo un der Zäit säin eelste Jong ze seenen. Awer d’Rebekka hëlleft sengem jéngste Jong, dem Jakob, de Seegen ze kréien. Wéi den Esau dat erausfënnt, gëtt hien immens rosen an hie plangt säin Zwillingsbrudder ëmzebréngen. Den Isaak an d’Rebekka wëllen de Jakob beschützen a soen him: »Du muss vun hei fort! Géi bei de Laban, denger Mamm hire Brudder. Bleif do, bis den Esau sech erëm berouegt huet.« De Jakob lauschtert op seng Elteren a flücht bei säi Monni.
„Wat bréngt et engem Mënsch, d’ganz Welt ze gewannen, mee säi Liewen ze verléieren? Wat kéint e Mënsch als Tosch fir säi Liewe ginn?“ (Markus 8:36, 37)