Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 14 S. 40-S. 41 Abs. 2
  • E Sklav lauschtert op Gott

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • E Sklav lauschtert op Gott
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Jehova schenkt dir Erfolleg
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2023
  • Jehova vergësst de Joseph net
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 14 S. 40-S. 41 Abs. 2
De Joseph leeft vum Potiphar senger Fra fort

GESCHICHT 14

E Sklav lauschtert op Gott

Dem Jakob säin zweetjéngste Bouf heescht Joseph. Hien ass de Fiffi vu sengem Papp a seng grouss Bridder mierken dat. Wat mengs du, wéi fannen si dat wuel? Si si jalous an haassen de Joseph esouguer. Enges Daags huet de Joseph komesch Dreem an erzielt senge Bridder dovun. Si mengen dës Dreem bedeiten, datt si sech iergendwa virum Joseph misste verneigen. Elo haassen si hien nach méi!

Dem Joseph seng Bridder geheien hien an en déift Lach

Dem Joseph seng Bridder passen an der Géigend vun der Stad Sichem op d’Schof op. De Jakob schéckt de Joseph dohinner, fir ze kucken, wéi et hinne geet. Vu Wäitem gesinn si de Joseph kommen a soen zueneen: »Do kënnt jo eisen Dreemert. Kommt, mir maachen hien dout!« Si huelen hien a geheien hien an en déift Lach. Awer ee vu senge Bridder, de Juda, seet: »Bréngt hien net ëm! Ass et net besser hien als Sklav ze verkafen?« Et ginn nämlech grad Händler aus Midian laanscht, déi ënnerwee fir an Ägypte sinn. Also verkafe si de Joseph fir 20 Sëlwerstécker.

Dann zappen si dem Joseph säi Kleed an d’Blutt vun enger Geess, fir datt ee mengt hie wär dout. Si schécken et sengem Papp mat der Noriicht: »Ass dat net d’Kleed vun dengem Jong?« De Jakob hëlt un, datt e wëllt Déier de Joseph dout gemaach huet an dat brécht him d’Häerz. Kee kann hien tréischten.

De Joseph am Prisong

An Ägypte gëtt de Joseph un e ganz wichtege Mann, de Potiphar, verkaf. Awer Jehova hëlleft dem Joseph. De Potiphar gesäit, datt hie gutt schafft an datt een him vertraue kann. Dowéinst dierf hie geschwënn op alles oppassen, wat dem Potiphar gehéiert.

Dem Potiphar senger Fra fält op, datt de Joseph staark ass a gutt ausgesäit. Si hält sech all Dag drun a seet him: »Schlof mat mir.« Wat mécht de Joseph? Hien dréckt si ewech a seet: »Nee, dat wär falsch! Mäin Här vertraut mir an du bass seng Fra. Wann ech mat dir schlofen, sënnegen ech géint Gott!«

Enges Daags wëll dem Potiphar seng Fra de Joseph zwéngen, mat hir ze schlofen. Si rappt u senge Kleeder, fir hie bei sech ze zéien, awer hie leeft fort. Wéi de Potiphar heemkënnt, litt si a behaapt, de Joseph hätt wëlle mat hir schlofen. De Potiphar gëtt immens rosen a geheit de Joseph an de Prisong. Mee Jehova vergësst de Joseph net.

„Erniddregt iech also mat Demut, ënner déi mächteg Hand vu Gott, fir datt hien iech zur richteger Zäit erhiewe kann“ (1. Petrus 5:6)

Froen: Wéi gëtt de Joseph vu senge Bridder behandelt? Firwat lant de Joseph am Prisong?

1. Mose 37:1-36; 39:1-23; Apostelgeschichte 7:9

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen