Aféierung an den Deel 5
Zwee Méint nodeems d’Israelitten duerch d’Rout Mier gaange sinn, komme si bei de Bierg Sinai. Do schléisst Jehova e Bond mat hinnen a mécht si zu sengem besonnesche Vollek. Hie beschützt si a gëtt hinnen alles, wat si brauchen – Manna fir z’iessen, Gezei, dat sech net ofnotzt an eng sécher Plaz fir ze liewen. Erklär dengem Kand, firwat Jehova den Israelitten d’Gesetz, d’Zelt vun der Versammlung an d’Priistere ginn huet. Betoun, wéi wichteg et ass, zu sengem Wuert ze stoen, net stolz ze sinn an ëmmer trei zu Jehova ze halen.