GESCHICHT 23
Si gi Jehova e Verspriechen
Ongeféier zwee Méint nodeems d’Israelitten Ägypte verlooss hunn, komme si bei de Bierg Sinai a schloen do hir Zelter op. Jehova freet de Moses, op de Bierg ze goen a seet do zu him: »Ech hunn d’Israelitte gerett. Wann si op mech lauschteren a meng Gesetzer halen, gi si mäi besonnescht Vollek.« De Moses geet de Bierg erof an erzielt den Israelitten, wat Jehova gesot huet. Weess du, wéi si reagéieren? Si äntweren: »Mir wëllen alles maachen, wat Jehova seet.«
De Moses geet de Bierg nees erop. Do seet Jehova: »Iwwermuer schwätzen ech mat dir. So dem Vollek, si sollen op kee Fall probéieren, de Bierg Sinai eropzegoen.« De Moses geet erëm erof a seet den Israelitten, si solle sech prett maachen, fir Jehova nozelauschteren.
Um drëtten Dag gesinn d’Israelitten eng däischter Wollek um Bierg. Et donnert an et blëtzt a si héieren de Klang vun engem Blosinstrument. Da kënnt Jehova an engem Feier op de Bierg erof. D’Israelitten ziddere vun Angscht. De ganze Bierg wackelt an iwwerall ass Damp. D’Blosinstrument gëtt ëmmer méi haart. Da seet Gott: »Ech si Jehova. Dir dierft keen anere Gott ubieden.«
De Moses geet de Bierg nees erop a Jehova gëtt him Gesetzer, déi festleeën, wéi d’Israelitte Jehova déngen a sech behuele sollen. De Moses schreift d’Gesetzer op a liest se den Israelitte vir. Si verspriechen: »Mir wëllen alles maachen, wat Jehova seet.« Si gi Gott also e Verspriechen. Mee hale si sech och drun?
„Du solls Jehova, däi Gott, gär hu mat dengem ganzen Häerz, denger ganzer Séil an dengem ganzen Denken“ (Matthäus 22:37)