Aféierung an den Deel 2
Firwat zerstéiert Jehova déi Welt vun deemools duerch eng Flut? Scho fréi an der Mënschheetsgeschicht fänkt e Kampf un – e Kampf tëschent Gutt a Béis. Muncher ewéi den Adam, d’Eva an hire Jong, de Kain, entscheede sech fir d’Säit vum Béisen. Nëmmen e puer ewéi den Abel an den Noah entscheede sech fir d’Säit vum Gudden. Déi meescht Mënsche ginn esou schlecht, datt Jehova déi béis Welt vernicht. Dësen Deel hëlleft eis ze verstoen, datt Jehova gesäit, fir wéi eng Säit mir eis entscheeden. An hie wäert ni zouloossen, datt dat Béist géint dat Gutt gewënnt.