GESCHICHT 26
Déi zwielef Spiounen
D’Israelitte verloossen de Bierg Sinai a ginn duerch d’Wüst Paran, fir op Kadesch ze kommen. Do seet Jehova zum Moses: »Schéck 12 Männer a Kanaan, een aus all Stamm, fir onopfälleg d’Land ze ënnersichen – dat Land, dat ech den Israelitten da ginn.« Esou Leit nennt ee Spiounen. De Moses wielt zwielef Männer aus a seet zu hinnen: »Gitt a Kanaan a fannt eraus, ob d’Land gutt ass, fir Saachen unzeplanzen. Fannt eraus, ob d’Leit schwaach oder staark sinn, an ob si an Zelter oder a Stied wunnen.« Déi 12 Spioune maachen sech op de Wee – zwee vun hinnen heesche Josua a Kaleb.
No 40 Deeg kommen d’Spiounen zeréck a brénge Figen, Granatäppel an Drauwe mat. Si erzielen: »Et ass e gutt Land, awer d’Leit si staark an hir Stied hunn héich Maueren.« Awer de Kaleb seet: »Mir kënne géint si gewannen. Kommt, mir ginn direkt lass!« Weess du, firwat hien dat seet? Well hien an de Josua op Jehova vertrauen. Awer déi aner zéng soen: »Nee! D’Leit do sinn esou grouss wéi Risen! Niewent hinne gesi mir aus ewéi Heesprénger.«
Elo kréien d’Israelitten Angscht. Si jéimeren a soen een zu deem aneren: »Firwat solle mir dohi goen an dout gemaach ginn? Kommt, mir sichen en anere Leader a ginn nees zeréck an Ägypten.« De Josua an de Kaleb soen: »Follegt Jehova. Dir braucht keng Angscht ze hunn. Jehova beschützt eis.« Mee d’Israelitte wëllen einfach net op de Josua an de Kaleb lauschteren. Am Géigendeel, si wëlle se esouguer dout maachen!
Wéi reagéiert Jehova? Hie seet zum Moses: »Ech hunn esou vill fir d’Israelitte gemaach an trotzdeem lauschteren si net op mech. Dowéinst mussen si 40 Joer laang an der Wildnis bleiwen an do wäerten si da stierwen. Nëmmen hir Kanner, de Josua an de Kaleb liewen eng Kéier an deem Land, dat ech den Israelitte versprach hunn.«
„Firwat hutt dir esou vill Angscht? Hutt dir esou wéineg Glawen?“ (Matthäus 8:26)