GESCHICHT 28
Dem Bileam säin Iesel schwätzt
D’Israelitte ware bal 40 Joer an der Wildnis. Si hu vill Stied erobert. Elo sinn si an der flaacher Géigend vu Moab, ëstlech vum Floss Jordan. Fir si ass et un der Zäit an dat Land ze goen, dat hinne versprach ginn ass. De Balak, de Kinnek vu Moab, huet Angscht, datt d’Israelitten him d’Land ewechhuelen. Dowéinst freet hien de Bileam, op Moab ze kommen. Hie soll d’Israelitte verfluchen – hinnen also eppes Schlechtes wënschen.
Awer Jehova seet dem Bileam: »Du däerfs d’Israelitten net verfluchen.« Dowéinst geet de Bileam net op Moab. De Kinnek Balak freet hien eng zweete Kéier ze kommen an hie versprécht, him alles ze ginn, wat hie sech wënscht. Mee de Bileam refuséiert nach ëmmer. Doropshi seet Gott: »Du däerfs goen, awer du däerfs nëmmen dat soen, wat ech dir soen.«
De Bileam mécht sech also mat sengem Iesel op de Wee op Moab. Hien huet wëlles d’Israelitten ze verfluchen, obwuel Jehova him gesot huet, dat net ze maachen. Jehova säin Engel stellt sech dem Bileam dräi Mol an de Wee. De Bileam kann den Engel net gesinn, den Iesel awer schonn. Fir d’éischt geet den Iesel vun der Strooss erof an e Feld. Dono dréckt sech den Iesel géint eng stenge Mauer a quëtscht dobäi dem Bileam säi Fouss. Schlussendlech leet sech den Iesel matzen an de Wee. An allkéiers schléit de Bileam den Iesel mam Bengel.
No der drëtter Kéier léisst Jehova den Iesel schwätzen. Den Iesel freet de Bileam: »Firwat schléis du mech déi ganzen Zäit?« De Bileam äntwert: »Du léiss mech blöd ausgesinn. Wann ech e Schwäert hätt, géif ech dech dout maachen.« Da seet den Iesel: »Du bass schonn esou vill Joren op mir geridden. Hunn ech scho jeemools esou eppes mat dir gemaach?«
Da mécht Jehova, datt de Bileam den Engel och gesäit. Den Engel seet: »Jehova huet dir dach gesot, d’Israelitten net ze verfluchen.« De Bileam äntwert: »Ech hunn e Feeler gemaach. Ech ginn nees heem.« Den Engel seet awer: »Du kanns op Moab goen. Du däerfs awer nëmmen dat soen, wat Jehova dir seet.«
Huet de Bileam seng Lektioun geléiert? Nee. Hie probéiert dräi Mol Israel ze verfluchen, awer allkéiers suergt Jehova dofir, datt hien Israel seent – hinnen also eppes Guddes wënscht. Schlussendlech gräifen d’Israelitte Moab un an de Bileam gëtt ëmbruecht. Wat denks du? Wier et net besser gewiescht, de Bileam hätt direkt op Jehova gelauschtert?
„Hitt iech virun all Zort vu Gier, well och wann een am Iwwerfloss huet, säi Besëtz gëtt him kee Liewen“ (Lukas 12:15)