GESCHICHT 31
De Josua an d’Gibeonitter
A Kanaan héieren aner Natiounen, wat mat Jericho geschitt ass. Hir Kinneken decidéieren, sech zesummenzedoen, fir géint d’Israelitten ze kämpfen. Mee d’Gibeonitter hunn en anere Plang. Si gi mat ofgenotzte Kleeder bei de Josua a soen: »Mir kommen aus engem Land, dat wäit ewech ass. Mir hu vu Jehova héieren a vun allem, wat hie fir iech an Ägypten an a Moab gemaach huet. Verspriecht eis, datt dir eis net ugräift an da gi mir är Dénger.«
De Josua gleeft de Gibeonitter a versprécht, si net unzegräifen. Dräi Deeg méi spéit fënnt hien eraus, datt si guer net esou wäit ewech wunnen. Si kommen aus Kanaan. De Josua freet d’Gibeonitter: »Firwat hutt dir eis belunn?« Si äntweren: »Well mir Angscht haten. Mir wëssen, datt äre Gott Jehova fir iech kämpft. Loosst eis wannechgelift um Liewen.« De Josua hält säi Verspriechen a léisst si um Liewen.
Kuerz dono bedroe fënnef kanaanitesch Kinneken an hir Arméien d’Gibeonitter. De Josua an seng Arméi marschéieren eng ganz Nuecht, fir si ze retten. De Kampf fänkt den nächsten Dag fréi moies un. D’Kanaanitter flüchten an all Richtungen, awer Jehova schleidert grouss Knëppelsteng op si. Da freet de Josua Jehova, datt d’Sonn stoe bleift. Mee d’Sonn ass dach nach ni stoe bliwwen! Wéisou gleeft de Josua dann, datt Jehova dat mécht? Well hien op Jehova vertraut. D’Sonn geet de ganzen Dag net ënner, bis d’Israelitten de Kampf géint d’kanaanitesch Kinneken an hir Arméie gewonnen hunn.
„Äre ‚Jo‘ soll e Jo sinn, an ären ‚Nee‘ en Nee, well wann dir Saache sot, déi dir net sou mengt, da maacht dir et dem Däiwel no“ (Matthäus 5:37)