Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 26
  • Firwat gëtt et esou vill Leed?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Firwat gëtt et esou vill Leed?
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Firwat léisst Gott dat Béist zou?
    Eng gutt Noriicht vu Gott
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 26
Lektioun 26. Besuergt Eltere sëtze beim Bett vun hirem Jong am Spidol, nodeem him eppes Schlëmmes geschitt ass.

LEKTIOUN 26

Firwat gëtt et esou vill Leed?

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

„Firwat?“ Et ass normal, dat ze froen, wann eppes Schlëmmes geschitt. Wéi gutt, datt d’Bibel eis op dës Fro eng kloer Äntwert gëtt.

1. Wéi ass duerch den Däiwel dat Béist an d’Welt komm?

Den Däiwel huet géint Gott rebelléiert. Hie wollt iwwer anerer herrschen an duerch eng Ligen hunn sech den Adam an d’Eva senger Rebellioun ugeschloss (1. Mose 3:1-5). Hien huet d’Eva dozou bruecht, datt hatt gemengt huet, Jehova géif him eppes Guddes virenthalen an datt d’Mënsche méi glécklech wären, wann si Gott net géife follegen. Hien huet déi éischt Ligen an d’Welt gesat, wéi hien dem Eva gesot huet, hatt géif net stierwen. Dowéinst seet d’Bibel, datt hien „e Ligener an de Papp vun de Ligen ass“ (Johannes 8:44, BFL).

2. Woufir hunn sech den Adam an d’Eva decidéiert?

Jehova huet et wierklech gutt mam Adam an dem Eva gemengt. Si konnte vun all de Beem am Paradis iessen, just vun engem net (1. Mose 2:15-17). Awer si hunn trotzdeem vun dësem Bam giess. D’Eva huet vun de Friichte geholl a giess an dono huet den Adam och dovu giess (1. Mose 3:6). Si hunn alle béid net op Gott gelauschtert. Den Adam an d’Eva ware vollkomme Mënschen, also louch et an hirer Natur, dat Richtegt ze maachen. Gott net ze follegen an hien als Herrscher net ze wëllen, war eng bewosst Entscheedung - eng Sënn. Dës Decisioun huet hinne vill Misär bruecht (1. Mose 3:16-19).

3. Wat huet d’Entscheedung vum Adam an dem Eva mat eis ze dinn?

Wéi den Adam an d’Eva gesënnegt hunn, sinn si onvollkomme ginn. Dowéinst konnten si nëmmen nach Onvollkommenheet un hir Nokomme weiderginn. D’Bibel seet, datt „duerch ee Mënsch [Adam] d’Sënn an d’Welt komm ass an duerch d’Sënn den Doud an sech esou den Doud ënner alle Mënschen ausgebreet huet“ (Römer 5:12).

Et gi vill Grënn, firwat Mënsche leiden. Munchmol leit een, well ee schlecht Entscheedunge getraff huet. Et kann awer och sinn, datt ee leit, well anerer schlecht Entscheedunge getraff hunn. A munchmol ass een einfach nëmmen zur falscher Zäit op der falscher Plaz. (Lies Prediger 9:11.)

AN DEN DETAIL GOEN

Wouhier wësse mir, datt Gott net schold ass um Misär? A wéi beréiert et hien, wa mir leiden?

4. Wien ass schold um Leed?

Vill Leit mengen, datt Gott d’Welt regéiert. Stëmmt dat? De VIDEO kucken.

VIDEO: Wien huet d’Kontroll iwwer d’Welt? (1:24)

Jakobus 1:13 an 1. Johannes 5:19 liesen. Dozou dës Fro:

  • Ass Gott schold um Misär?

5. Wouru gesäit een, datt den Däiwel d’Welt regéiert?

De VIDEO kucken.

VIDEO: Firwat léisst Gott de Misär zou? (Ausschnëtt) (3:07)

1. Mose 3:1-6 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat fir eng Ligen huet den Däiwel dem Eva gezielt? (Dozou d’Verse 4 a 5.)

  • Wéi huet den Däiwel ugedeit, datt Jehova de Mënschen eppes Guddes virenthält?

  • Brauche Mënsche Jehova seng Herrschaft, fir glécklech ze sinn? Wat seet den Däiwel dozou?

Prediger 8:9 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat ass d’Resultat dovun, datt Jehova net méi d’Welt regéiert?

Collage: Zeenen, déi d’Ëmstänn op der Äerd weisen, vun der Schöpfung bis zum zukünftege Paradis. A. E Paradis op der Äerd mat vill Vegetatioun. B. Mënschlech Regierungen, déi iwwer Joerhonnerte falsch Reliounen, Oneenegkeet, Kricher an Ëmweltverschmotzung an d’Welt bruecht hunn. Munch duergestallte Muechten sinn Ägypten, China, Griicheland, Roum, d’Vereenegt Kinnekräich an Amerika. C. Mënsche liewen op der Äerd am Paradis, dat erëm hiergestallt ginn ass.
  1. Den Adam an d’Eva ware vollkommen an hunn am Paradis gelieft. Awer si hunn op den Däiwel gelauschtert a géint Jehova rebelléiert

  2. No der Rebellioun hunn sech Sënn, Leed an Doud op der ganzer Welt ausgebreet

  3. Jehova léisst Sënn, Leed an Doud verschwannen. D’Mënsche ginn nees vollkommen a liewen an engem Paradis

6. Mécht et Jehova eppes aus, wa mir leiden?

Wouhier wësse mir, datt et Jehova net egal ass, wa mir leiden? Kucke mir eis un, wat de Kinnek David an den Apostel Péitrus dozou soten. Psalm 31:7 an 1. Petrus 5:7 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi beréiert et dech, datt Jehova eise Misär gesäit an sech ëm eis këmmert?

7. Gott mécht all dem Leed en Enn

Jesaja 65:17 an Offenbarung 21:3, 4 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass et en Trouscht ze wëssen, datt Jehova d’Auswierkunge vum Leed réckgängeg mécht?

Gutt ze wëssen

Mat senger éischter Ligen huet den Däiwel Jehova schlecht gemaach a sengem Ruff geschuet. Hien huet nämlech behaapt, datt Jehova kee léiwen a fairen Herrscher ass. Doduerch, datt Jehova geschwënn erëm alles gutt mécht, stellt hien säi gudde Ruff erëm hier a beweist, datt hien de beschten Herrscher ass. Datt Jehova säin Numm erëm propper do steet, ass also dat Wichtegst am ganzen Universum (Matthäus 6:9, 10).

WANN EE SEET: „Esou ass eeben d’Liewen. Leed a Misär gehéieren dozou.“

  • Wat denks du?

FAZIT

Den Däiwel an déi zwee éischt Mënsche sinn haaptsächlech verantwortlech fir d’Leed an der Welt. Et geet Jehova wierklech zu Häerzen, wa mir leiden. Geschwë mécht hien all d’Leed erëm réckgängeg.

Réckbléck

  • Wat fir eng Ligen huet den Däiwel dem Eva erzielt?

  • Wéi huet sech d’Rebellioun vum Adam an dem Eva op eis alleguer ausgewierkt?

  • Wouhier wësse mir, datt et Jehova beréiert, wa mir leiden?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi gëtt d’Sënn an der Bibel definéiert?

„Wat ass d’Sënn?“ (Online-Artikel)

Méi zu deem, wat den Däiwel am Paradis behaapt huet.

„Firwat léisst Gott Leed zou?“ (Der Wachtturm, 1. Januar 2014)

Eng schwiereg Fro – Äntwerten, déi tréischten.

„Wéi konnt et zum Holocaust kommen? Firwat huet Gott en net verhënnert?“ (Online-Artikel)

Wat engem Mann bewosst ginn ass iwwer d’Leed an sengem Ëmfeld.

Ech fille mech net méi eleng (5:09)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen