LEKTIOUN 58
Bleif Jehova loyal!
Echt Chrëschten hunn sech fest virgeholl, datt näischt a keen si dovun ofbréngt, Jehova ze déngen. Dat ass bestëmmt och däin Zil. An deng Loyalitéit bedeit Jehova vill. (Lies 1. Chronika 28:9.) Wat kéint deng Loyalitéit op d’Prouf stellen a wat kanns du da maachen?
1. Wéi probéiere muncher, eis dovun ofzebréngen, Jehova géintiwwer loyal ze bleiwen?
Et gi Leit, déi eis dovun ofbrénge wëllen, Jehova ze déngen. Dozou gehéiere Persounen, déi Jehova seng Organisatioun verlooss hunn an elo Ligen iwwer si erzielen, fir eise Glawen ze zerstéieren. Déi ginn „Abtrünnige“ genannt. Och munch Geeschtlecher verbreede falsch Informatiounen iwwer eis an der Hoffnung, datt liichtgleeweg Persounen d’Wouerecht verloossen. Et ass geféierlech, mat Géigner ze diskutéieren, hir Bicher oder Blogs ze liesen, hir Websäiten ze besichen oder hir Videoen ze kucken. Jesus sot iwwer Persounen, déi anerer vu Jehova ofbrénge wëllen: „Loosst si! Si si Blanner, déi déi Blann féieren! Wann e Blannen e Blanne féiert, fale se allebéid an e Gruef“ (Matthäus 15:14, BFL).
2. Duerch wéi eng perséinlech Entscheedunge weise mir, datt mir loyal zu Jehova halen?
Aus Léift zu Jehova wëlle mir eis op näischt aloossen, wat mat der falscher Relioun zesummenhänkt. Dat bedeit, datt mir eis op keng Aarbecht, Tätegkeet oder Organisatioun aloossen, déi mat der falscher Relioun a Verbindung steet. Jehova fuerdert eis op: „Gitt aus hir [Babylon der Grousser] eraus, mäi Vollek“ (Offenbarung 18:2, 4).
AN DEN DETAIL GOEN
Wéi kanns du vermeiden, datt eppes tëschent dech a Jehova kënnt? Firwat weise mir eis Loyalitéit Jehova géintiwwer, wa mir aus Babylon der Grousser erausginn?
3. Opgepasst virun deenen, déi Ligen erzielen
Wéi solle mir reagéieren, wa mir negativ Berichter iwwer Jehova seng Organisatioun héieren? Sprüche 14:15 liesen. Dozou dës Fro:
Firwat soll een net alles gleewen, wat een héiert?
2. Johannes 9-11 liesen. Dozou dës Froen:
Wéi solle mir eis deene géintiwwer verhalen, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?
Wéi kéinte mir mat Iddie vun esou Persounen a Kontakt kommen, och wa mir keen direkte Kontakt mat hinnen hunn?
Wat mengs du, wéi géif Jehova sech fillen, wa mir eis mat negative Berichter iwwer hien an seng Organisatioun ofginn?
4. Hal loyal zu Jehova, wann e Glawensbrudder sënnegt
Wat solls du maachen, wann s du matkriss, datt een an der Versammlung schwéier gesënnegt huet? Dozou e Grondsaz aus dem Gesetz, dat Gott den Israelitte ginn huet. 3. Mose 5:1 liesen.
Dëse Vers weist, datt mir den Älteste soe sollen, wat mir wëssen, wa mir matkréien, datt ee schwéier gesënnegt huet. Éier mir dat maachen, wier et léif, deemjéinegen un d’Häerz ze leeën, selwer bei d’Ältesten ze goen. Wann hien dat net mécht, solls du aus Loyalitéit géintiwwer Jehova d’Älteste selwer uschwätzen. Wéi weis du doduerch deng loyal Léift fir …
Jehova?
d’Persoun, déi gesënnegt huet?
anerer an der Versammlung?
Hëllef engem Glawensbrudder, deen a Gefor ass
5. Hal dech vu Babylon der Grousser getrennt
Lukas 4:8 an Offenbarung 18:4, 5 liesen. Dozou dës Froen:
Gehéieren ech nach enger falscher Relioun un?
Gehéieren ech zu enger Organisatioun, déi mat enger falscher Relioun verbonnen ass?
Ënnerstëtzen ech duerch meng Aarbecht eng falsch Relioun?
Gëtt et nach en anere Beräich, an deem ech mat enger falscher Relioun verbonne sinn?
Wat soll ech maachen, wann ech op eng vun dëse Froe mat Jo äntweren?
Entscheet dech esou, datt s du e rengt Gewëssen hues an een deng Loyalitéit géintiwwer Jehova kloer gesäit.
Géifs du enger reliéiser Organisatioun Sue fir e gudden Zweck spenden?
WANN EE SEET: „Ech muss dach wëssen, wat déi, déi der Wouerecht de Réck gedréit hunn, fir Ligen erzielen. Soss kann ech d’Wouerecht net verteidegen.“
Ass dat eng gutt Iwwerleeung? Firwat oder firwat net?
FAZIT
Fir datt mir loyal zu Jehova hale kënnen, meide mir de Kontakt mat deenen, déi versichen eis ierzeféieren.
Réckbléck
Firwat solle mir net op Iddie lauschteren, déi vun deene kommen, déi der richteger Léier de Réck gedréit hunn?
Wat solle mir maachen, wa mir matkréien, datt ee schwéier gesënnegt huet?
Wat gehéiert dozou, déi falsch Relioun ze verloossen?
MÉI GEWUER GINN
Wéi soll ee reagéieren, wa Ligen iwwer Zeie vu Jehova erzielt ginn?
Wéi een erausfënnt, ob eng Organisatioun zu Babylon der Grousser gehéiert.
Wéi versiche Géigner, eise Glawen ze schwächen?
Am Bericht „Ech hu schonn als Kand no Gott gesicht“ erzielt een, dee Schinto-Priester war, firwat hien d’falsch Relioun verlooss huet.