GESCHICHT 8
Den Abraham an d’Sara lauschteren op Gott
Net wäit ewech vu Babel gëtt et eng Stad, déi Ur heescht. Do bieden d’Leit net Jehova un, mee ganz vill aner Gëtter. Awer et gëtt och e Mann, deen nëmme Jehova ubiet. Säin Numm ass Abraham.
Jehova seet dem Abraham: »Géi vun doheem fort, verlooss deng Famill a géi an dat Land, dat ech dir weisen.« A Gott versprécht him: »Deng Famill wäert zu engem grousse Vollek wuessen an duerch dech maachen ech vill Guddes, fir d’Mënschen op der ganzer Äerd.«
Den Abraham weess net, wou Jehova hien hischécke wëll, awer hie vertraut him a follegt dowéinst. Also paken den Abraham, seng Fra d’Sara, säi Papp den Terach a säin Neveu de Lot hir Saachen a maachen sech op eng laang Rees.
Den Abraham huet 75 Joer, wéi hie mat senger Famill an deem Land ukënnt, dat Jehova him weise wëll. Dëst Land heescht Kanaan. Hei gëtt Gott dem Abraham e Verspriechen: »Dat ganzt Land, wat s du hei gesäis, ginn ech denge Kanner.« Awer den Abraham an d’Sara si schonn al a si hu guer keng Kanner. Wéi ka Jehova dann elo säi Verspriechen halen?
„Duerch Glawen huet den Abraham gefollegt, wéi Gott hie geruff hat, fir op eng Plaz ze goen, déi hien als Ierfschaft kréie sollt. Hien huet sech op de Wee gemaach, ouni ze wëssen, wou hien higoe géif“ (Hebräer 11:8)