GESCHICHT 9
Endlech e Jong!
Den Abraham an d’Sara si scho vill Jore bestuet. Si hunn hiert bequeemt Haus an Ur opginn a wunnen elo an engem Zelt. Awer d’Sara beschwéiert sech net, well hatt vertraut op Jehova.
D’Sara wëll esou gär e Kand hunn a seet dem Abraham: »Wa meng Déngerin, d’Hagar, e Kand vun dir kritt, da wier et ewéi mäin eegent.« No enger Zäit kritt d’Hagar e Jong, mam Numm Ismael.
Vill Jore verginn. Elo huet den Abraham 99 Joer an d’Sara 89. Si kréie Besuch vun dräi Männer. Den Abraham bitt hinnen un, ënnert engem Bam ze raschten an eppes z’iessen. Weess du, wien déi dräi Männer sinn? Et sinn Engelen. Si soen zum Abraham: »D’nächst Joer ëm dës Zäit hues du an deng Fra e Jong.« D’Sara ass am Zelt a kritt dat mat. Hatt laacht fir sech, well et denkt: »Wéi soll ech e Kand kréien? Ech sinn dach schonn esou al.«
D’Joer drop kritt d’Sara e Jong, genee ewéi Jehova säin Engel et versprach huet. Den Abraham nennt hien Isaak, wat „Laachen“ bedeit.
Wéi den Isaak ongeféier 5 Joer huet, kritt d’Sara mat, datt den Ismael ëmmer erëm de Geck mam Isaak mécht. Well d’Sara säi Jong beschütze wëll, freet hatt den Abraham, d’Hagar an den Ismael fortzeschécken. Am Ufank wëll den Abraham dat net maachen. Awer Jehova wëll den Isaak och beschützen a seet dowéinst dem Abraham: »Lauschter op d’Sara. Ech këmmere mech ëm den Ismael. Awer dat, wat ech dir versprach hunn, gëtt duerch den Isaak wouer.«
„Duerch Glawe krut d’Sara d’Kraaft en Nokommen op d’Welt ze bréngen, … well hatt deen als trei ugesinn huet, deen d’Versprieche ginn hat“ (Hebräer 11:11)