Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • wp21 Nr. 2 S. 7-9
  • Wéini kënnt d’Enn? Wat Jesus sot

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wéini kënnt d’Enn? Wat Jesus sot
  • De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
  • Ënnertitel
  • ZWOU AUSSOE VU JESUS IWWER D’ENN:
  • D’ZEECHEN
  • DÉI LESCHT DEEG
  • ENG PARADISESCH ÄERD – GESCHWËNN!
De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
wp21 Nr. 2 S. 7-9
Jesus erkläert sengen Apostelen d’Zeeche vun de leschten Deeg.

Wéini kënnt d’Enn? Wat Jesus sot

Am leschten Artikel hu mir gesinn, datt d’Bibel mam Enn vun der Welt net d’Enn vun der Äerd oder der Mënschheet mengt. Villméi mengt si domat d’Enn vun deem aktuelle korrupte System a vun deenen, déi en ënnerstëtzen. Seet d’Bibel dann och eppes doriwwer, wéini dëst Enn kënnt?

ZWOU AUSSOE VU JESUS IWWER D’ENN:

„Bleibt deshalb wachsam, denn ihr kennt weder den Tag noch die Stunde“ (MATTHÄUS 25:13)

„Haltet ständig Ausschau, bleibt wach, denn ihr kennt den Zeitpunkt nicht“ (MARKUS 13:33)

Kee vun eis weess also genee, wéini d’Enn kënnt. Awer Gott huet den „Zäitpunkt“ – de geneeën „Dag an d’Stonn“ – scho festgeluecht (Matthäus 24:36). Heescht dat, datt mir net wësse kënnen, ob d’Enn nobäi ass? Dach. Jesus huet nämlech erkläert, wourun een et erkenne kann.

D’ZEECHEN

Jesus huet eng Rei vun Evenementer virausgesot: „Eng Natioun erhieft sech nämlech géint eng aner Natioun an ee Kinnekräich géint en anert Kinnekräich. Op verschidde Plaze ginn et Hongersnéit, Epidemien an Äerdbiewen“ (Matthäus 24:7; Lukas 21:11, BFL). Alles dat ass d’Zeeche fir den „Ofschloss vum Weltsystem“ (Matthäus 24:3). Gesitt Dir hautdesdaags déi Evenementer, déi Jesus prophezeit huet?

Katastrophal Kricher, Hongersnéit, Äerdbiewen a schlëmm Krankheeten hunn eis Welt komplett op d’Kopp geheit. 2004 zum Beispill huet e massiivt Äerdbiewen am Indeschen Ozean en Tsunami ausgeléist, bei deem ronn 225.000 Mënsche gestuerwe sinn. Bannent dräi Joer huet de Corona-Virus zirka 6,9 Millioune Mënscheliewe kascht. Jesus sot, datt d’Enn vum System nobäi ass, wann dës Saache geschéien.

DÉI LESCHT DEEG

D’Bibel nennt déi kuerz Zäit virum Enn déi lescht Deeg (2. Petrus 3:3, 4). A wéi am 2. Timotheus 3:1-5 gewise gëtt, géif et an deene leschten Deeg e Verfall vun de moralesche Wäerter ginn. (Kuckt heizou d’Këscht „D’Zäit kuerz virum Enn“.) Ass haut net ze gesinn, datt Leit egoistesch, giereg, brutal an ouni Léift sinn? Och dat ass e Beweis, datt mir an der Zäit kuerz virum Enn liewen.

Wéi laang daueren dës lescht Deeg? Der Bibel no bleift „just nach wéineg Zäit.“ Da vernicht Gott déi, „déi d’Äerd zerstéieren“ (Offenbarung 11:15-18; 12:12, BFL).

Kricher

Zaldote leien hannert enger Mauer a schéissen.
  • 2007 bis 2017: D’Zuel vun den Doudegen duerch arméiert Konflikter an Terrorismus ass ëm 118 Prozent geklomm

Krankheeten

E Mann läit am Spidol.
  • Heefeg Doudesursaachen: Häerzkrankheeten, Hiereschlag, Longekrankheeten, Erkrankunge bei Neigebuerenen, Duerchfallerkrankungen, Kriibs, Tuberkulos

Honger

E Meedche leit Honger an hält eng Schossel a sengen Hänn.
  • 2021: 9,8 Prozent vun der Weltbevëlkerung a bal all drëtt Kand op der Welt hunn Honger gelidden

Weltwäit Priedegtwierk

Zeie vu Jehova beim Trolley schwätze mat engem Mann.
  • Iwwer 8,6 Millioune forméiert Bibellehrer (Zeie vu Jehova) ginn an 240 Länner Publikatiounen an iwwer 1.000 Sproochen of

ENG PARADISESCH ÄERD – GESCHWËNN!

Gott huet den Dag an d’Stonn scho festgeluecht, wou dëse schlechte System ophält (Matthäus 24:36). Et ginn nach méi gutt Noriichten. Gott wëll net, datt „iergendee vernicht gëtt“ (2. Petrus 3:9). Hie gëtt also jiddwerengem d’Méiglechkeet, no senge Moossstief ze liewen. Firwat? Hie wëll, datt mir d’Enn vun der Welt iwwerliewen, fir dann a senger neier Welt, engem Paradis, ze liewen.

Gott huet fir e weltwäite Léierprogramm gesuergt, deen eis hëlleft, an där neier Welt ze liewen. Wéi Jesus virausgesot huet, géif déi gutt Noriicht vum Kinnekräich „uechter d’ganz Welt verkënnegt“ ginn (Matthäus 24:14, BFL). Zeie vu Jehova setze weltwäit Milliarde vu Stonnen an, fir mat aneren iwwer déi gutt Noriicht ze schwätzen. Jesus sot, datt dëst Priedegtwierk nach virum Enn géif duerchgefouert ginn.

D’Zäit vun de mënschleche Regierungen ass bal ofgelaf. Déi gutt Noriicht ass awer, datt jiddwereen d’Enn vun der Welt iwwerliewe kann, fir ze gesinn, wéi Gott seng Verspriechen erfëllt. Am nächsten Artikel gi mir gewuer, wat ee maache muss, fir a Gott senger neier Welt ze liewen.

D’ZÄIT KUERZ VIRUM ENN

„In den letzten Tagen werden kritische Zeiten herrschen, mit denen man schwer fertigwird. Denn die Menschen werden sich selbst und das Geld lieben. Sie werden angeberisch und überheblich sein, über Gott und Menschen lästern, nicht auf die Eltern hören, undankbar sein und nicht loyal. Sie werden lieblos sein, nicht kompromissbereit, verleumderisch, unbeherrscht und brutal und werden das Gute nicht lieben. Sie werden Verräter sein, eigensinnig, aufgeblasen vor Stolz und werden das Vergnügen lieben statt Gott. Nach außen hin wird es so aussehen, als hätten sie Gottesfurcht, aber die Kraft dahinter zeigt sich in ihrem Leben nicht“ (2. TIMOTHEUS 3:1-5)

Wat Jesus iwwer déi lescht Deeg virausgesot huet, gëtt eis Hoffnung

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen