Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • wp21 Nr. 2 S. 10-12
  • Wat ee maache muss, fir an der neier Welt ze liewen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Wat ee maache muss, fir an der neier Welt ze liewen
  • De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • D’ENN IWWERLIEWEN, ANDEEM EE GOTT KENNE LÉIERT
  • ALL DAG AN DER BIBEL LIESEN
  • GOTT ËM HËLLEF FROEN
  • Mir kënne fir ëmmer liewen
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2022
  • Eng nei Welt ass nobäi!
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
wp21 Nr. 2 S. 10-12

Wat ee maache muss, fir an der neier Welt ze liewen

Wéi mir gesinn hunn, mécht Gott der gottloser mënschlecher Gesellschaft mat all hire Problemer geschwënn en Enn. Mir kënnen eis sécher sinn, datt dat geschitt. Firwat? Well Gott säi Wuert, d’Bibel, eis versprécht:

„Die Welt vergeht“ (1. JOHANNES 2:17)

Et gi garantéiert Mënschen, déi iwwerliewen, well dëse Bibeltext weider seet:

„Wer ... nach dem Willen Gottes lebt, bleibt für immer“

De Schlëssel fir ze iwwerliewen ass also, dat ze maachen, wat Gott wëll. A fir erauszefannen, wat säi Wëllen ass, muss een hie kenne léieren.

D’ENN IWWERLIEWEN, ANDEEM EE GOTT KENNE LÉIERT

Collage: 1. Eng Infirmière sëtzt am Spidol um Buedem. Si ass total erschëpft an iwwerfuerdert. 2. An der Cafeteria gesäit si eng Kolleegin, déi eng Zäitschrëft liest a glécklech ausgesäit. 3. D’Kolleegin weist hir e Bibelvers a gëtt hir eng JW.ORG-Kontaktkaart.

Jesus sot: „Das bedeutet ewiges Leben: dich, den allein wahren Gott, kennenzulernen“ (Johannes 17:3). Fir d’Enn ze iwwerliewen an éiwegt Liewen ze kréien, musse mir Gott also kenne léieren. Domat ass méi verbonnen, ewéi nëmmen ze gleewen, datt et hie gëtt oder just e puer Fakten ze kennen. Mir mussen eng Frëndschaft mat him opbauen. A fir datt eng Frëndschaft staark gëtt, muss een Zäit matenee verbréngen. Mat Gott ass et net anescht. Et ginn e puer grondleeënd Wouerechten an der Bibel, déi eis hëllefen, eng Frëndschaft mat Gott opzebauen an ze verdéiwen.

Wouerechten, déi mir aus der Bibel gewuer ginn

D’Infirmière kuckt sech doheem d’Internetsäit JW.ORG un.

Mir gi gewuer, wat Gott mat de Mënsche wëlles hat.

Hien huet déi éischt Mënschen, den Adam an d’Eva erschafen an si an e wonnerschéine Gaart gesat, Eden genannt. Si ware perfekt a Gott hat fir alles gesuergt, wat si fir e glécklecht Liewe gebraucht hunn. Si hätten éiweg liewe kënnen. Wiere si Gott seng Frënn bliwwen, hätte si ni stierwe mussen. Mee si hunn sech decidéiert, en einfacht Gebot vu Gott ze briechen.

Mir gi gewuer, firwat et Misär gëtt.

Well den Adam net op Gott gelauschtert huet, konnten hien a seng Nokommen net méi fir ëmmer liewen. D’Bibel weist: „Grad wéi duerch ee Mënsch d’Sënn an d’Welt koum an duerch d’Sënn den Doud, esou huet den Doud sech an all Mënsch verbreet“ (Römer 5:12, BFL). Genee ewéi Elteren e Geendefekt un hir Kanner iwwerdroe kënnen, huet den Adam all senge Kanner d’Onvollkommenheet verierft. Dowéinst ginn och mir al a stierwen.

Mir gi gewuer, wat Gott schonn alles fir eis gemaach huet.

D’Bibel seet: „Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einziggezeugten Sohn gegeben hat, damit jeder, der an ihn glaubt, nicht vernichtet wird, sondern ewiges Leben hat“ (Johannes 3:16). Gott huet Jesus op d’Äerd geschéckt, fir säi Liewe fir eis hierzeginn. De 86 Joer ale Prabhakar aus Indien sot zu dësem Beweis vu Gott senger Léift: „Ech gesinn doduerch, datt Jehovaa mech immens gär huet. Seng Léift huet mir d’Hoffnung op en éiwegt Liewe ginn.“

Mir gi gewuer, wéi mir eis Dankbarkeet weise kënnen.

Gott huet esou vill fir eis gemaach. Mir kënnen him eis Dankbarkeet weisen, andeems „mir seng Geboter anhalen“ (1. Johannes 2:3, BFL). Jehova Gott weist eis, wéi mir haut scho glécklech kënne sinn (Jesaja 48:17, 18, Foussnout). Hie wëll net, datt mir leiden. Wa mir op Gott lauschteren, da kënne mir net nëmmen elo glécklech sinn, mee esouguer bis an all Éiwegkeet. Dat versprécht Gott eis.

ALL DAG AN DER BIBEL LIESEN

An hirer Mëttespaus sëtzt d’Infirmière dobaussen. Nodeem si an der Bibel gelies huet, kuckt si an den Himmel.

Et kann een d’Enn vun der Welt iwwerliewen, wann ee Gott am Gebiet ëm Hëllef freet an esou lieft, ewéi et him gefält

Mir musse reegelméisseg iessen, fir um Liewen ze bleiwen. Mee Jesus sot: „De Mënsch lieft net eleng vum Brout, mee vu jidder Wuert, dat aus dem Mond vu Gott kënnt“ (Matthäus 4:4, BFL).

Haut fanne mir Jehova seng Wierder an der Bibel. Wann ee sech mat deem hellege Buch méi genee beschäftegt, gëtt ee gewuer, wéi Gott an der Vergaangenheet mat de Mënschen ëmgaangen ass, wat hien elo an och an Zukunft mécht.

GOTT ËM HËLLEF FROEN

Wat kënne mir maachen, wann et eis schwéier fält, op Gott säi Rot ze lauschteren? Gott kennen ze léieren hëlleft eis dann op eng besonnesch Aart a Weis.

Eng Fra, déi mir Sakura nennen, huet en onmoralescht Liewe gefouert. Bei hirem Bibelcours huet si Gott säi Gebot kenne geléiert: „Flieht vor sexueller Unmoral“ (1. Korinther 6:18). D’Sakura huet zu Gott ëm Kraaft gebiet a konnt mat dëser schlechter Gewunnecht ophalen. Awer de Kampf géint Versuchunge war domat nach net eriwwer. „Wann ech onmoralesch Gedanke kréien“, seet d’Sakura, „da schwätzen ech ganz éierlech mat Jehova doriwwer, well ech weess, datt ech et net eleng packen. D’Gebiet huet mech Jehova wierklech méi no bruecht.“ Esou ewéi d’Sakura, léiere Millioune Mënsche Gott kennen. Hie gëtt hinnen d’Kraaft, fir déi néideg Ännerungen an hirem Liewen ze maachen an him doduerch ze gefalen (Philipper 4:13).

Wat ee Gott besser kenne léiert, wat ee méi vun him als wäertvolle Frënd ugesi gëtt (Galater 4:9; Psalm 25:14). Dat ass eng wichteg Viraussetzung, fir a Gott seng nei Welt ze kommen. Mee wéi gesäit et dann do aus? Den nächsten Artikel gëtt eis d’Äntwert.

a Der Bibel no ass Gott säin Numm Jehova.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen