GESCHICHT 29
Jehova wielt de Josua aus
De Moses huet d’Natioun Israel jorelaang gefouert. Elo stierft hie geschwënn. Jehova seet zu him: »Du bréngs d’Israelitten net an d’versprachent Land, mee du däerfs et gesinn.« De Moses freet Jehova, eng nei Persoun erauszesichen, déi d’Vollek féiert a sech ëm et këmmert. Jehova fuerdert hien op: »Géi bei de Josua a so him, datt hien dës Persoun ass.«
De Moses erkläert den Israelitten, datt hie geschwë stierft an datt Jehova de Josua ausgewielt huet, fir si an d’versprachent Land ze féieren. De Moses seet zum Josua: »Fäert net. Jehova hëlleft dir.« Kuerz drop klëmmt de Moses op de Bierg Nebo. Vun do aus weist Jehova him d’Land, dat hien dem Abraham, dem Isaak an dem Jakob versprach hat. Dono stierft de Moses am Alter vun 120 Joer.
Jehova seet zum Josua: »Géi mam Vollek duerch de Jordan, fir et a Kanaan ze bréngen. Ech hëllefen dir, geneesou wéi ech dem Moses gehollef hunn. Vergiess net, all Dag a mengem Gesetz ze liesen. Fäert net. Sief couragéiert. Géi an hal dech un alles, wat ech dir gesot hunn.«
De Josua schéckt zwee Spiounen an d’Stad Jericho. Wat do geschitt, gëss du an der nächster Geschicht gewuer. Wéi d’Spiounen zeréckkommen, berichte si, datt elo e gudde Moment ass, fir a Kanaan ze goen. Den nächsten Dag seet de Josua den Israelitten, datt si alles apake sollen. Fir d’éischt schéckt hien d’Priisteren, déi d’Tru vum Bond droen, bei de Jordan. De Floss huet Héichwaasser. Mee wéi d’Priistere mat hire Féiss d’Waasser beréieren, bleift et stoen an de Rescht vum Waasser fléisst of. D’Priistere ginn an d’Mëtt vum Flossbett a bleiwen do stoen, bis jiddereen op der anerer Säit ass. Wat mengs du? Huet dëst Wonner d’Israelitte vläicht dorun erënnert, wat Jehova beim Roude Mier gemaach huet?
No esou ville Jore sinn d’Israelitten endlech am versprachene Land. Elo kënne si Haiser a Stied bauen. Si kënne Felder, Bongerten a Wéngerte besëtzen. Et ass e Land, wou et vill gutt Saache fir z’iessen an ze drénke gëtt. Dofir gëtt et als Land bezeechent, wou Mëllech an Hunneg fléissen.
„Jehova wäert dech ëmmer féieren an dech esouguer an engem verdréchente Land sat maachen“ (Jesaja 58:11)