Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • wp21 Nr. 2 S. 4-6
  • Geet dës Welt op en Enn?

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Geet dës Welt op en Enn?
  • De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wat geet net op en Enn?
  • Wat geet op en Enn?
  • MIR BRAUCHEN: En Enn vu mënschleche Regierungen
  • Gëtt d’Äerd eng Kéier zerstéiert?
    Äntwerten op Froen zu der Bibel
De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Editioun fir d’Allgemengheet) 2021
wp21 Nr. 2 S. 4-6
Eng glécklech Famill, déi zesummen dobaussen ësst. De Papp grillt a stellt d’Iessen op den Dësch.

Geet dës Welt op en Enn?

Vläicht hutt Dir schonn emol héieren, datt d’Bibel vum Enn vun der Welt schwätzt (1. Johannes 2:17). Ass domat d’Enn vun der Mënschheet gemengt? An heescht dat, datt eis Äerd eng Kéier komplett brooch läit oder esouguer ganz zerstéiert gëtt?

D’BIBEL ÄNTWERT MAT ENGEM KLOREN NEE!

Wat geet net op en Enn?

D’MËNSCHHEET

D’Bibel seet: Gott ass deen, deen d’Äerd „nicht umsonst erschuf, sondern sie formte, damit sie bewohnt wird“ (JESAJA 45:18)

E Séi bei engem Bësch an de Bierger.

D’ÄERD

D’Bibel seet: „Eine Generation geht, eine Generation kommt, aber die Erde bleibt für immer“ (PREDIGER 1:4)

WAT DAT HEESCHT: D’Bibel erkläert, datt d’Äerd net zerstéiert gëtt an ëmmer bewunnt bleift. Awer wat ass da mam Enn vun der Welt gemengt?

FIR NOZEDENKEN: D’Bibel vergläicht d’Enn vun der Welt mat der Zäit vum Noah. Deemools war d’Äerd voller Gewalt (1. Mose 6:13). Awer den Noah war gerecht. Dowéinst huet Gott hien a seng Famill um Liewe gelooss, wéi hien déi béis Mënschen an der Sintflut vernicht huet. D’Bibel seet iwwer déi Zäit: „Duerch Waasser gouf d’Welt deemools zerstéiert, wéi si mat Waasser iwwerschwemmt gouf“ (2. Petrus 3:6, BFL). Dat war d’Enn vun där deemoleger Welt. Wat ass dann do vernicht ginn? Net d’Äerd un sech, mee déi béis Mënschen op der Äerd. Wann d’Bibel also vum Enn vun der Welt schwätzt, da mengt si domat net d’Zerstéierung vun eiser Äerd, mee villméi d’Enn vu béise Mënschen a vun där Welt, déi si opgebaut hunn.

Wat geet op en Enn?

PROBLEMER A BÉISES

D’Bibel seet: „Nur noch kurze Zeit und die Bösen gibt es nicht mehr. Du wirst dorthin schauen, wo sie waren, aber sie sind nicht mehr da. Doch Menschen mit einem sanften Wesen werden die Erde besitzen, und sie werden größte Freude verspüren an Frieden im Überfluss“ (PSALM 37:10, 11)

Collage: 1. Vermummte Raiber, déi an e Buttek agebrach sinn. 2. E Mann bitt engem aneren eng Mapp voller Suen un.

WAT DAT HEESCHT: Zur Zäit vum Noah ass dat Béist net ee fir allemol ausgeläscht ginn. Béis Mënschen hunn aneren d’Liewen ëmmer erëm schwéier gemaach. Mee Gott mécht geschwënn deene Béise fir ëmmer en Enn. Genee esou, wéi de Psalmist gesot huet: „Die Bösen gibt es nicht mehr“. Gott mécht dat duerch säi Kinnekräich – eng Regierung, déi vum Himmel aus iwwer gerecht Mënsche regéiert.

FIR NOZEDENKEN: Ass domat ze rechnen, datt d’Regierunge vun haut dëst Kinnekräich akzeptéieren? Nee, am Géigendeel. Esou onverstänneg wéi dat och kléngt, weist d’Bibel, datt si sech Gott senger Herrschaft widdersetzen (Psalm 2:2). Mat wéi engem Resultat? Gott säi Kinnekräich ersetzt dann all mënschlech Regierungen an „bleift fir ëmmer bestoen“ (Daniel 2:44). Firwat muss dëse Regierungen en Enn gemaach ginn?

MIR BRAUCHEN: En Enn vu mënschleche Regierungen

D’Bibel seet: „Es steht dem Menschen nicht zu, auf seinem Lebensweg auch nur seinen Schritt zu lenken“ (JEREMIA 10:23)

Mënschen, déi laanscht eng Mauer mat Walplakate ginn.

WAT DAT HEESCHT: D’Mënsche sinn net dofir gemaach, fir iwwer aner Mënschen ze regéieren. Wann si iwwer anerer herrschen a probéieren d’Problemer vun de Mënschen ze léisen, kënnt net vill Guddes dobäi eraus.

FIR NOZEDENKEN: D’Wierk Britannica Academic seet dozou, datt et schéngt, wéi wa Regierungen net kapabel sinn, „global Problemer ewéi Aarmut, Honger, Krankheeten, Naturkatastrophen, Kricher a Gewalt an de Grëff ze kréien.“ Weider gëtt gesot: „Verschiddener ... mengen, datt nëmmen eng Weltregierung all deene Problemer kann entgéintwierken.“ Allerdéngs géif d’Welt dann ëmmer nach vun net perfekte Mënsche regéiert ginn, déi déi opgezielte Problemer net gemeeschtert kréien. Gott säi Kinnekräich ass déi eenzeg Regierung, déi wierklech all global Problemer fir ëmmer léise kann.

Der Bibel no musse gutt Mënschen also keng Angscht virum Enn vun der Welt hunn. Am Géigendeel: Si kënnen sech dorop freeën, well dës al a futtis Welt duerch Gott seng wonnerbar nei Welt ersat gëtt!

Awer wéini ass et esou wäit? Den nächsten Artikel weist d’Äntwert aus der Bibel.

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen