Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lfb Geschicht 21 S. 54-S. 55 Abs. 2
  • Déi zéngt Plo

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Déi zéngt Plo
  • Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Änlecht Material
  • Déi éischt dräi Ploen
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • De Moses entscheet sech fir Jehova
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
  • Déi nächst sechs Ploen
    Léier vun de Geschichten aus der Bibel
Léier vun de Geschichten aus der Bibel
lfb Geschicht 21 S. 54-S. 55 Abs. 2
En Israelitt schmiert Blutt ronderëm seng Dier

GESCHICHT 21

Déi zéngt Plo

De Moses versprécht dem Pharao, net méi erëmzekommen. Awer éier hie geet, seet hien him: »Dës Nuecht stierft all Éischtgebuerenen an Ägypten, esouwuel de Jong vum Pharao ewéi och de Jong vum Sklav.«

Jehova seet den Israelitten, si sollen e besonnescht Iesse preparéieren. Hie seet: »Schluecht e Schofs- oder Geessebock, deen ee Joer al ass a schmiert e bësse vu sengem Blutt op d’Rumm vun ärer Dier. D’Fleesch sollt dir broden an et mat Brout ouni Sauerdeeg iessen. Hutt är Sandalen un a sidd prett fir ze goen. Dës Nuecht befreien ech iech.« Kanns du dir virstellen, wéi gespaant d’Israelitte sinn?

Ëm Mëtternuecht kënnt Jehova säin Engel bei all Haus an Ägypten. Do wou kee Blutt ronderëm d’Dier ass, stierft den éischtgebuerene Jong. Awer do, wou Blutt un der Dier ass, do geet den Engel laanscht. All ägyptesch Famill, egal ob räich oder aarm, verléiert e Kand. Awer bei den Israelitte stierft kee Kand.

Esouguer dem Pharao säi Jong stierft. Dat ass him elo ze vill. Direkt seet hien dem Moses an dem Aaron: »Allez, verschwannt! Gitt a biet äre Gott un an huelt all är Déiere mat! Maacht iech nëmme fort!«

Et ass Vollmound, wéi d’Israelitten Ägypte verloossen. Si sinn opgedeelt no Famill a Stamm. Et si 600 000 Männer a vill Fraen a Kanner. Et ginn nach vill aner Leit mat hinnen, well si Jehova och ubiede wëllen. Endlech sinn d’Israelitte fräi!

D’Israelitte sollen elo all Joer dëst besonnescht Iessen preparéieren. Firwat? Fir sech ëmmer erëm drun ze erënneren, wéi Jehova si gerett huet. Dëst Iesse gëtt Passah genannt, wat „laanschtgoen“ bedeit.

D’Israelitten trëppelen aus Ägypte fort

„Grad aus dësem Grond hunn ech dech um Liewe gelooss: fir an dengem Fall meng Muecht ze weisen a fir datt mäin Numm op der ganzer Äerd bekannt gemaach gëtt“ (Römer 9:17)

Froen: Wat geschitt bei der zéngter Plo? Wat mussen d’Israelitte maachen, fir vun dëser Plo verschount ze bleiwen?

2. Mose 11:1–12:42; 13:3-10

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen